WimbledonOns Jabeur géint Elena Rybakina an der Finall

RTL Lëtzebuerg
D'Tunesierin Ons Jabeur konnt sech en Donneschdeg an der Halleffinall vu Wimbledon mat 6:2, 3:6 a 6:1 géint d'Tatjana Maria aus Däitschland duerchsetzen.
© AFP

Domat steet déi aktuell Nummer 2 vun der Weltranglëscht fir déi éischte Kéier an hirer Karriär an der Finall vun engem Grand Slam. Hei kritt si et mat der Kasachin Elena Rybakina ze dinn, déi méi spéit mat 6:3 a 6:3 géint d’Simona Halep aus Rumänien gewonnen huet. Och fir d’Rybakina ass et déi éischt Grand-Slam-Finall an hirer Karriär.

Back to Top
CIM LOGO