
Zwee Deeg gouf kee Futtball op der Europameeschterschaft gespillt. E Freideg ass elo den Optakt vun de Véierelsfinallen. A béide Matcher Belsch-Italien a Schwäiz-Spuenien gëtt et kee klore Favorit.
D’Schwäizer si ganz sécher eng vun de positiven Iwwerraschungen op dëser EM. D’Eidgenossen hunn et ëmmerhi fäerdeg bruecht, den aktuelle Weltmeeschter Frankräich an den Aachtelsfinallen ze eliminéieren. Fir den RTL-Futtballexpert René Peters däerf een déi Schwäizer Ekipp net ënnerschätzen.
“D’Schwäizer, déi et fäerdeg bruecht hunn, d’Fransousen erauszegeheien. D’Spuenier, déi sech och relativ schwéier gedoen hu beim Goler schéissen. An de leschten zwee Matcher hu si awer vill Goler geschoss.”
Belsch géint Italien ass déi zweet Véierelsfinall. Fir de René Peters sinn dat déi zwou Ekippen, déi bis elo wärend dem ganzen Tournoi iwwerzeegt hunn.
“Dat gëtt ee ganz spannende Match. D’Belsch, déi mat hirer gëllener Generatioun endlech wëllen een Titel huelen. D’Italiener, déi fir vill Leit iwwerraschend gutt spillen. Obwuel wann een iwwer déi leschte Jore kuckt wat déi opgebaut hunn. Wann een 31 Matcher ongeschloen ass, datt wëll schonns eppes heeschen. Dofir ass dat fir mech keng grouss Iwwerraschung.”
Fir de fréiere Kapitän vun der Nationalekipp sinn d’Italiener trotzdeem liicht favoriséiert an de René Peters geet dovunner aus, datt dem Roberto Mancini seng Ekipp kann Europameeschter ginn.
“Si hu vun Ufank un iwwerzeegt a loosse keng Golchancen zou. Am Ëmschaltspill si si déi beschten Ekipp op der EM. Wa si awer elo géint d’Belsch spillen, hu si eng vun de stäerksten Ekippe géint sech. Italien ass awer praktesch déi eenzeg Ekipp, déi all Match iwwerzeegt huet.”
An den zwou leschte Véierelsfinalle spillen e Samschdeg Tschechien géint Dänemark an d’Ukrain kritt et mat England ze dinn.
