
No der Gruppephas sinn nach alleguerten déi grouss Natiounen dobäi. De Rich Simon huet beim Lëtzebuerg Nationaltrainer nogefrot, wéi hien d’Gruppephas analyséiert.
England huet et als eng vun de grousse Futtballnatiounen zwar an den Tour vun de leschte 16 Ekippe gepackt, allerdéngs hunn “3 Lions” de Luc Holtz net iwwerzeegt.
“England huet nach net iwwerzeegt. An awer hu si esou vill individuell Qualitéiten, datt ee si net däerf ofschreiwen.”
An den Aachtelsfinalle spillen d’Englänner en Dënschdeg am Wembley géint Däitschland. “D’Mannschaft” huet et mat engem ganz gudde Match an zwee mëttelméissegen an d’KO-Ronn gepackt an dat an engem Grupp mam aktuelle Weltmeeschter Frankräich an dem aktuellen Europameeschter Portugal. Och déi sinn een Tour weider, allerdéngs ouni komplett ze iwwerzeegen.
Fir de Luc Holtz ginn et just zwou Ekippen, déi dat bis elo fäerdegbruecht hunn: “Wann een elo d’Gruppephas kuckt, do sinn natierlech Italien an d’Belsch, déi zu Deel duerch spilleresch an awer och duerch eng gewësse Kompaktheet iwwerzeegt hunn. Elo kënnt awer den direkte KO an do sinn esou vill Natiounen, déi stabil sinn a wou et duerno op d’Dagesform ukënnt.”
An deem direkte KO spillen d’Italiener géint Éisträich, eng vun de positiven Iwwerraschungen op der EM. D’Belsch kréien et e Sonndeg mat Portugal ze dinn. D’Leit ronderëm de Cristiano Ronaldo mussen een anert Gesiicht weise wéi bis elo, soss kéint no den Aachtelsfinallen Endstatioun fir den Europameeschter sinn.
Fir de Luc Holtz kann een d’Gruppephas awer net mat der KO-Ronn vergläichen: “Ech hoffen, datt mir vill interessant Matcher wäerte gesinn. Mee vill wäerte vun der Taktik gepräägt sinn.”
An den éischten Aachtelsfinalle spillen e Samschdeg Wales géint Dänemark an Italien kritt et mat Éisträich ze dinn.
