
Domat wier de Veräin elo nees scholdefräi, esou déi franséisch Presseagence.
De Proprietär Gérard Lopez huet 25 Milliounen Euro bäigedroen, déi aner 117 Millioune stame vum amerikanesche Fonds d’investissements Elliott.
De Lëtzebuerger Geschäftsmann huet der AFP dës Informatiounen och confirméiert.
Lille steet aktuell hannert dem PSG op der zweeter Plaz an der Ligue 1.