Och wann den Delai schonn ofgelaf war, huet déi amerikanesch Federatioun Protest ageluecht a krut an enger éischter Instanz och Recht. Deemno géif d’Jenny Warling disqualifizéiert ginn, well d’Lëtzebuerger fir d’Blessure vun hirer Géignerin soll responsabel sinn. Am Video gesäit een awer däitlech, dass un dëser Decisioun ka gezweiwelt ginn. Am Fall vun enger Disqualifikatioun wier d’Jenny Warling am Repechage fir de Kampf ëm d’Bronzemedail.
D’Jenny Warling ass zu Dubai op der WM an der Kategorie bis 55 Kilogramm ugetrueden. An der Halleffinall louch d’Lëtzebuergerin schonns mat 1:5 hannen, wéi hir Géignerin, d’Trinity Allen aus den USA, sech blesséiert an doropshin opginn huet.
Sollt d’Jenny Warling et an d’Finall packen, muss si géint d’Ahlem Youssef aus Ägypten untrieden, déi all hir Matcher kloer gewanne konnt.
Um Wee an d’Finall huet d’Jenny Warling géint d’Caroline Alberg, d’Maya Schäerer, d’Irina Sharykhina, d’Valentina Toro Meneses an eben d’Trinity Allen gewonnen.
D’Lëtzebuerger Delegatioun huet dann och schlussendlech Appell ageluecht, dat konform mat de Reegelen mat engem Bréif vum President vun der FLAM Serge Schaul un de President vun der internationaler Karatefederatioun. An deem gëtt ervirgehuewen, dass de Protest vun den US-Amerikaner ze spéit ageluecht gouf (méi ewéi eng Minutt no der Decisioun vum Match) an dass d’Chute vun der Amerikanerin Trinity Allen selwer ausgaangen ass, een dem d’Jenny Warling keng schlecht Intentioun ënnerstelle kéint.
Delegatiounscheffin zu Dubai, Tamara Schuh: Mir hunn ee Géigeprotest ageluecht an dësen ass de Moie vun der Organisatioun fir konform gehale ginn. Doropshin hate mir ee Meeting mat der Arbitterkommissioun wou mir eis Argumenter a Beweiser konnte virleeën. Den nächste Schratt ass, datt déi amerikanesch Delegatioun gefrot gëtt. Duerno mécht d’Arbitterkommissioun e Rapport un de President vun der WKF deen dann eng Decisioun hëlt.
Eng Decisioun iwwert de Lëtzebuerger Géigeprotest misst vun der WKF virun en Donneschdeg 9 Auer moies falen, well dann de Repechage ufänkt. An deem ass d’Jenny Warling scho fir de Kampf ëm d’Bronzemedail (Samschden 9:10) qualifizéiert.
Schreiwes vum President vun der Sektioun Karate (FLAM)
Leider haben wir die Information erhalten, dass die Amerikaner Protest gegen das Ergebnis vom Halbfinal-Kampf einlegt hatten und dem auch nach einem Video-Review stattgegeben wurde. Das heißt leider auch im Moment, dass der Einzug ins Finale von Jenny Warling korrigiert wurde und die Amerikanerin z.Z. auf sportdata für das Finale aufgeführt wird. Jenny Warling dagegen steht in der Repechage für das Bronzemedaillen-Match. Es wird aber noch einen Gegenprotest geben, sodass das derzeitige Ergebnis für das Finale leider noch nicht final ist.D’Lëtzebuerger Delegatioun huet nämlech ee Géigeprotest gemaach. Do ass awer nach keng Decisioun do. D’Jenny Warliing war am Match géint d´Amerikanerin 1-5 hannen. Et waren awer nach 50 Sekonnen op der Auer. An deene kann am Karate vill passéieren. Zeen no där d’Jenny Warling disqualifizéiert gouf ass schwéier anzeschätzen, seet de President vun der Karate Federatioun Ulrich Nelting: “Et ass zu enger Kampfaktioun koum, wou d´Amerikanerin dem Jenny säi Schlaachbee festgehalen huet. Doropshin ass d´Jenny a Réckelag komm an huet d´Amerikanerin mat erof gezunn. Dobäi muss d´Amerikanerin hiren Aarm ënnert dem Jenny gehat hunn an deen Ament ass iergendeppes geschitt.”
Fir den Ulrich Nelting ass d’Disqualifikatioun vum Jenny Warling eng ganz haart Decisioun: “Wann ech et richteg verstinn, gëtt per Video ee “Review” gemaach, Do sinn dann d’Riichter zu engem anere Resultat komm. Ech hunn och nach eng Kéier mat eisem techneschen Direkter, den Dr. Jürgen Fritsche geschwat, an hien huet näischt Aussergewéinleches gesinn. Virsätzlech war souwisou näischt do. Et ass schonns eng haart Decisioun.
Den Ulrich Nelting geet net dovunner aus , datt nom Géigeprotest vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Disqualifikatioun vum Jenny Warling zeréck geholl gëtt.
1. Match:
ALBERG Caroline (DEN) - WARLING Jenny: 1-1 (‘Senshu’ fir d’Jenny: hatt mécht den 1. Punkt am Match)
2. Match:
SCHAERER Maya (SUI) - WARLING Jenny: 2 - 9
3. Match:
WARLING Jenny - SHARYKHINA Irina (BLR): 2 - 0
4. Match: (= Poolfinall)
WARLING Jenny - TORO MENESES Valentina (CHI): 3 -1
Halleffinall: ALLEN Trinity (USA) - WARLING Jenny: 5 - 1
Finall:
Warling Jenny - YOUSSEF Ahlam (EGY)
D’Finall gëtt dëse Samschdeg um 17.40 Auer (Lokalzäit) gekämpft.