
De Pascal Carzaniga ass den neien Trainer vum FC Swift Hesper. Dat huet de Club en Donneschdeg an der Mëttesstonn offiziell matgedeelt. Hien iwwerhëlt d’Successioun vum Jeff Strasser als Trainer. De Fransous war jo och schonns Trainer zu Diddeleng, Nidderkuer an Déifferdeng.