Mat neier RekordzäitPatrick Lange feiert op Hawaii 3. Ironman-Weltmeeschtertitel

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg ass op Hawaii den neie Weltmeeschter am Ironman gesicht ginn.
© AFP

Den Triathleet Patrick Lange huet sech op Hawaii fir déi drëtte Kéier zum Ironman-Welteeschter gekréint. Schonn 2017 an 2018 hat hie gewonnen. No 3,8 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an engem Marathon huet sech den 38 Joer ale Sportler aus Däitschland bei der wichtegster Triathlon-Course vum Joer mat der neier Rekordzäit vu 7:35:53 Stonnen duerchgesat. Den ale Streckrekord vu 7:40:24 Stonnen hat de Gustav Iden 2022 opgestallt.

Als Zweeten ass den Dän Magnus Ditlev (+7:45 Minutten) ukomm an de Rudy von Berg aus den USA (+10:06) huet de Podium komplettéiert.

© AFP

Bei de Fraen hat d’Laura Philipp (8:45:15 Stonnen) schonn den 22. September zu Nice a Frankräich de Weltmeeschtertitel iwwerleeë gewonnen. Si hat sech virun der Brittin Kat Matthews (8:53:20 Stonnen) an der US-Amerikanerin Chelsea Sodaro (9:04:38 Stonnen) duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO