NFL - Week 10Patriots wanne Spëtzematch géint Buccaneers, Dolphins schocke Bills

Kevin Kayser
Da gouf et eng interessant an knapp Partie zu Berlin tëscht de Falcons an de Colts an déi zweet Victoire fir d'New York Jets.
© Photo by Mike Carlson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Zwou Ekippe mat just zwou Néierlagen... Esou konnt een den Duell tëscht de Patriots an de Buccaneers am Virfeld bezeechnen. D’Ekipp aus New England hat schonn 7 Partië gewonnen, déi aus Tampa der 6, well si hire spillfräie Weekend schonn haten. Am d’Heemekipp aus Tampa hat och lassgeluecht, wéi wa si d’Victoire doheem wéilten halen. Direkt mam éischten Drive ass hinnen en Touchdown gelongen, ma dono kruten d’Fans am Ramyond James Stadion manner vun der eegener Ekipp gebueden. Au contraire waren et dunn d’Patriots, déi d’Seegel an d’Hand geholl hunn an dem Match hire Rhythmus konnten opzwéngen, dat och, well Tampa an der Offense laang Zäit wéineg gelongen ass. Aus engem Réckstand nom éischten Drive konnten d’Patriots eng 14:10 Féierung virun der Paus maachen. Déi hu se direkt dono esouguer op 21:10 ausgebaut. De leschte Véierel ass mat 21:16 fir d’Gäscht denkbar knapp ugaangen an d’Bucs, déi jo grad am Ufank vun der Saison an de leschte 15 Minutte vill Partië gedréint hunn, konnten nach hoffen. Ma hei huet d’Defense vun de Pats awer gehalen. Mat nach knapp 1:42 Minutt op der Auer krute si de Ball an hu grad emol 4 Spillzich a 16 Sekonne gebraucht, fir op 28:16 z’erhéijen. No bal enger Minutt huet Tampa nach eng Kéier zeréckgeschloen, ma den Onside Kick sollt net geléngen, esou datt d’Patriots déi lescht 33 Sekonnen oflafe loosse konnten an d’Partie 28:16 gewonnen hunn.

Da komme mer zu zwou Partien, déi wuel anescht verlaf sinn, wéi vill Leit sech et erwaart hunn. De “Berlin Game” tëscht de Falcons an de Colts nämlech war däitlech méi enk, wéi geduecht. D’Colts, déi bis ewell eng ganz staark Saison gespillt hunn, hu beim Stand vu 25:25, nodeem et am Match ëmmer nees hin an hier gaangen ass, an d’Verlängerung misste goen. D’Falcons konnten aus hirem éischte Ballbesëtz hei näischt maachen, esou datt d’Colts all d’Optiounen haten, als Gewënner déi däitsch Haaptstad ze verloossen. An hei war et keen aneren wéi den Taylor, deen zum Schluss mat sengem drëtten Touchdown den Deckel dropmaache konnt. Iwwerhaapt war et fir de Running Back en Toppmatch, well nieft den dräi Mol sechs Punkten ass hie fir 244 Yards gelaf. Do kann een him deen ee Fumble scho bal verzeien.

Mat déi gréissten Iwwerraschung vum Weekend gouf et awer zu Miami. Well d’Dolphins, bei deene bis ewell net vill riicht gelaf ass, hu sech hei kloer géint d’Bills duerchgesat, déi u sech um gudde Wee an d’Playoffs waren. Wier et nach enk ginn, hätt een et jo kënne verstoen, mä beim Endstand vun 30:13 muss ee vun enger klorer Victoire fir d’Delfine schwätzen. Grad, well där u sech staark Offense vun de Bills just an de leschte 15 Minutten all hir Punkte gelonge sinn. D’Dolphins dogéint haten der 16 an der éischter a 14 an der zweeter Hallschent gemaach.

Am Krisenduell tëscht de Browns an den Jets gouf et eng 27:20-Victoire fir d’Ekipp aus New York. Et ass ëmmerhin déi zweete Victoire aus de leschten zwee Matcher fir d’Jets, nodeem si mat engem 0:7 an d’Saison gestart sinn.

D’Resultater am Iwwerbléck

Las Vegas Raiders - Denver Broncos 7:10
Atlanta Falcons - Indianapolis Colts 25:31
New Orleans Saints - Carolina Panthers 17:7
New York Giants - Chicago Bears 20:24
Jacksonville Jaguars - Houston Texans 29:36
Buffalo Bills - Miami Dolphins 13:30
Baltimore Ravens - Minnesota Vikings 27:19
Cleveland Browns - New York Jets 20:27
New England Patriots - Tampa Bay Buccaneers 28:23
Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 22:44
Los Angeles Rams - San Francisco 49ers 42:26
Detroit Lions - Washington Commanders 44:22
Pittsburgh Steelers - Los Angeles Chargers 10:25
Philadelphia Eagles - Green Bay Packers 10:7

D’Bengals, d’Titans, d’Chiefs an d’Cowboys hate spillfräi.

Back to Top
CIM LOGO