Russland net bei WM dobäiPaul Philipp: "Et ass richteg, fir Russland bis op Weideres auszeschléissen"

RTL Lëtzebuerg
De President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet am RTL-Interview drop reagéiert, datt d'Fifa an d'Uefa Russland suspendéiert hunn.
© AFP

An enger gemeinsamer Erklärung hunn d’Fifa an d’Uefa de russesche Futtballverband RFU vun alle Competitiounen inklusiv der Weltmeeschterschaft am Katar suspendéiert. D’Uefa trennt sech och vun hirem Sponsor Gazprom. Dës Decisioun, déi ee wéinst dem russesche Krich géint d’Ukrain geholl huet, hu béid Verbänn e Méindeg quasi zäitgläich bekannt ginn.

Domadder ass Russland also net bei der WM dëse Wanter mat dobäi. Russland hätt an de WM-Playoffs de 24. Mäerz géint Polen untriede sollen. De Polnesche Verband hat awer schonn ausgeschloss, dëse Match ze spillen.

Fir den FLF-President Paul Philipp ass et eng Decisioun, déi sech opgedrängt huet: Et ass elo och um Sport, de Moment Solidaritéit an och Stäerkt ze weisen a sech do net auszeklammeren an dësem Moment. Et ass jo op Recommandatioun vum Internationalen Olympesche Kommitee geschitt, an ech begréissen déi Decisioun vun der Fifa.

Paul Philipp iwwer Fifa-Decisioun / Rep. Fränky Hippert

D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun selwer ass elo Enn dës Mounts mam Mini-Tournoi an der Eliteronn vun den U-17 och betraff: Russland ass och qualifizéiert, Russland, England, Frankräich a mir. D’Russesch U-17 kënnt net op Lëtzebuerg. Wat elo nach net decidéiert ass, ass, ob een anere géif noréckelen. An der Qualifikatioun war Rumänien hannert Russland Zweeten.

Et sinn awer e puer Saache sécher, an do ass jo dann och e Lëtzebuerger Profi betraff: An der Coupe d’Europe, wou de Kiki Martins mat Spartak Moskau betraff ass, do réckelt RB Leipzeg direkt an d’Véierelsfinall an dat nämmlecht ass och an de Playoffs, wou Polen direkt weiderkënnt an do géint de Gewënner vu Schweden an der Tschechescher Republik spillt, fir am Katar kënnen op der WM dobäi ze sinn.

Den Informatioune vum FLF-President Paul Philipp no sinn déi Decisiounen, wat dat do ugeet, irreversibel an déi stinn, och wann de Krich elo an de nächsten Deeg eriwwer wär.

Auswierkungen huet d’Entscheedung och op d’EM vun de Fraen am Juli an England. Russland wär do Gruppegéigner vun Holland, Schweden an der Schwäiz gewiescht. Verschidde Verbänn hate schonn e Boykott fir déi russesch Matcher ugekënnegt.

Liest hei d’Schreiwes vun der Uefa an der Fifa.

Back to Top
CIM LOGO