
Fir den Optakt vum 20. Spilldag huet sech d’Union Titus-Péiteng dräi Punkte geséchert a klëmmt mat engem 1:0-Succès géint Wolz viraussiichtlech op déi 8. Tabelleplaz.
Déi ronn 200 Spectateuren haten zu Péiteng eng éischter onspektakulär Ufanksphas ze gesi krut. Eng éischt geféierlech Aktioun ass et no 24 Minutte fir d’Lokalekipp ginn, wéi de Schoss vum Muratovic aus kuerzer Distanz d’Lat getraff hat. Duerno sinn och d’Wëlzer e Stéck méi no vir komm, ouni awer richteg konsequent ze ginn. Am zweeten Duerchgang war et mat liichte Virdeeler fir Péiteng virun den zwee Goler awer weider éischter roueg. An der 73. Minutt konnt d’Lokalekipp dann a Féierung goen. Iwwert Ëmweeër ass de Kai Merk no engem Corner dozou komm de Ball iwwert d’Linn ze drécken. An der Schlussphas huet Wolz zwar nach probéiert de Réckstand opzehuelen, dat ass bis zum Schluss awer ouni Succès bliwwen.
E Sonndeg de Mëtteg geet et da mat deene weidere siwe Matcher vum 20. Spilldag weider.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler