VIDEO: Sparta BartrengPhilippe Arendt féiert Familljentraditioun erfollegräich weider

RTL Lëtzebuerg
D'Famill Arendt ass mat der Sparta déif verbonnen a mam Philippe elo schonn an der 3. Generatioun vertrueden. E Samschdeg hat een all Grond ze feieren.
© Maya a Robert Straus

21 national Titele konnt Sparta Bartreng bis ewell gewannen. Déi gëllen Zäiten an der Total League sinn awer schonn eng Zäitchen hier. Déif verbonne mam Club ass d’Famill Arendt, déi elo schonn an der 3. Generatioun an der éischter Ekipp bei der Sparta spillt.

De Marc Burelbach an de Joé Feiereisen hu sech um Bord vum decisive Match ëm d’Participatioun am Titelgrupp mat der Famill Arendt getraff an iwwer vergaangen an awer och zukünfteg Zäite geschwat.

E Samschdeg den Owend hat déi ganz Famill all Grond, fir ze feieren. D’Sparta Bartreng konnt sech nämlech nach a leschter Sekonne fir den Titelgrupp am Championnat qualifizéieren. Déi Bartrenger haten hir Aufgab mat der Victoire géint Diddeleng gemaach an dunn hunn d’Musel Pikes hinnen an d’Kaarte gespillt. Déi Miseler hunn nämlech no engem ganz enke Match géint d’Amicale verluer an domadder huet d’Sparta sech déi leschte Plaz am Titelgrupp geséchert.

VIDEO: Sparta: Philippe Arendt féiert Familljentraditioun weider
D’Famill Arendt ass mat der Sparta déif verbonnen a mam Philippe elo schonn an der 3. Generatioun vertrueden. E Samschdeg hat een all Grond ze feieren.

RTL-Artikel: D’Sparta Bartreng packt et nach an den TitelgruppDe Basket ass e feste Bestanddeel an der Famill Arendt. De Philippe Arendt ass mat 20 Joer schonn eng vun de Stäipe bäi der Sparta. Zesumme mat 3 anere Spiller huet hien de Sprong aus der Jugend an déi éischt Ekipp gepackt, hie weess awer, datt et net selbstverständlech ass, fir dran ze bleiwen.

De Philippe Arendt: Mir haten déi enorm Chance, fir zesumme mat eisem Trainer bäi de Cadets, dem Philippe Gilberti, an d’éischt Ekipp ze kommen. Do si mir vun deenen anere Spiller gutt opgeholl ginn. Mee eng Kéier kënnt de Moment, wou och jonk sinn keng Excuse méi ass a wou mir eis beweise mussen, datt mir eis d’Plaz an der Ekipp verdéngt hunn.

Säi Grousspapp, de Marcel Arendt, weess och, wat et heescht, fir sech duerchzebäissen. 1958 huet hie mat der Sparta den éischte Championstitel iwwerhaapt kënne feieren. Ma deemools war d’Spill een Anert.

De Marcel Arendt: Wann ech elo no hanne kucken, muss ech soen, alles war anescht. Mir hunn dobausse gespillt an alle Konditiounen. Et war e lieders Ball a wann et gereent huet, dann ass deen esou schwéier ginn, datt mer e net méi hale konnten. Wa mer gedribbelt hunn, dann ass de Ball am Waasser leie bliwwen. No engem Kuerf ass de Ball nees an der Mëtt ugespillt ginn, no engem Pëff. Och eng 3-Punktelinn ass et net ginn.

De Marcel Arendt ass och haut nach ëmmer aktiv an hëlleft wou e kann. E besonneschen Dadda huet hien am Arbitrage fonnt, wou hien zanter 2 Méint bäi der Sparta déi Jonk begleet a probéiert, hinnen de Respekt virun den Onparteieschen op seng Aart a Weis bäizebréngen.

De Marcel Arendt: Et huet de Virdeel, datt wann ech nom Match mat deene jonke schwätzen, da wëssen se, datt den Arbitrage net esou einfach ass. A wa se dat net eng Kéier duerchgezunn hunn, da mengen se dat wier e Feind. De Feind gëtt opgebaut vun de Coachen. Si kritiséiere se a fir déi jonk Spiller sinn d’Coachen eppes ewéi den Herrgott an da menge se si dierften och kritiséieren, an dat geet mat an déi ganz Karriär erop.

Schonn fréi war kloer, datt och de Frank Arendt sech am Basket géif engagéieren: Als Kand, do huet mäi Papp zwar net méi gespillt, mee e war awer nach Arbitter, ech war ëmmer an den Hale mat dobäi. Natierlech hunn ech do och meng Lizenz gemaach an hunn 1975 ugefaangen zu Bartreng ze spillen.

Haut ass hie President vun der Sparta a stellt och konstant Verännerungen fest, virun allem am organisatoresche Beräich: De Club ass haut net méi d’selwecht ze geréieren, ewéi dat nach virun 20 Joer de Fall war. Dat sinn elo alles Mini-Entreprisë mat alle Contrainten, déi dat och mat sech bréngt, an dat ass eng Evolutioun, déi dem Sport u sech gutt deet.

Datt déi Bartrenger schonn zënter 6 Joer net méi an der Course ëm déi verschidden Titele bäi de Senioren mat dobäi sinn, bereet dem Frank Arendt keng Suergen: Wann een op Jugend baut, da brauch ee Gedold an dat ass eppes wat ëmmer méi feelt, net nëmmen am Sport, mee och an der Gesellschaft.

E Beweis datt et sech lount, fir op déi eegen Jugend ze bauen, huet de Frank Arendt an der eegener Famill. De Philippe Arendt ass natierlech houfreg drop, fir d’Familljentraditioun zu Bartreng weiderzeféieren.

Géint den T71 Diddeleng huet d’Sparta missen gewannen, fir nach eng Chance op déi lescht Plaz am Playoff ze hunn.

Déi Diddelenger waren ouni de Kranken Tom Schumacher a mat den ugeschloene Frank Muller a Samuel Logwood am Centre Atert ugetrueden. Ouni den Tom Schumacher war et fir de Vincent Sunnen an den T71 schwéier, an de Match ze fannen an esou huet d’Sparta sech um Enn dann och mat 85:70 behaapt. Bartreng hat also seng Hausaufgab gemaach an elo gouf nach mat Spannung op d’Resultat vun der Musel gewaart. An do gouf et eng ganz knapp 76:78-Néierlag fir d’Pikes géint d’Amicale. Domadder konnt sech d’Sparta also nach a leschte Sekonne fir den Titelgrupp qualifizéieren.

D’Freed war natierlech grouss bäi der Sparta och well si virum Match net zu 100% dru gegleeft hunn. Mat der Victoire géint Diddeleng an der Qualifikatioun, hunn déi Bartrenger elo och Confiance fir de Playoff getankt a fir d’Coupe-Halleffinall den nächste Weekend géint d’Amicale Steesel.

FOTOGALERIE: Andréck vum Maya a Robert Straus

Back to Top
CIM LOGO