NBAPhoenix Suns stinn als éischt Ekipp an der Finall
Am 6. Match vun der Finall vun der Western Conference hu se 130 op 103 géint d’Los Angeles Clippers gewonnen, an domadder d’Serie 4-2 fir sech entscheet.
D’Franchise aus Arizona trëfft an hirer drëtter Finall an der Geschicht elo entweder op Milwaukee oder op Atlanta. Do steet et aktuell an der Serie 2-2 gläich.