
E Sonndeg um 2. Dag vun der WM am Schwammen zu Budapest an Ungarn war mam Max Mannes ee Lëtzebuerger am Asaz.
An de Virleef iwwer 100 Meter Réck huet de Lëtzebuerger no 56 Sekonnen an 90 Honnertstel ugeschloen. Hie bleift domadder eng Sekonn a siwen Honnertstel iwwert sengem eegenen nationale Rekord a kënnt op déi 33. Plaz ënnert 48 Konkurrenten. Déi 16 séierst Schwëmmer hu sech fir d’Halleffinalle qualifizéiert.
De Max Mannes war e Sonndeg de Moien dann och nach iwwer 200 Meter Crawl am Asaz. Hei ass hien eng Zäit vun enger Minutt, 51 Sekonnen a sechs Honnertstel geschwommen. Ënner 61 Schwëmmer ass dat déi 40. Plaz.