EM-QualifikatiounPortugal notzt Feeler vu Lëtzebuerg a wënnt souverän 3:0

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Match am Grupp B huet e Freideg den Owend d'Ukrain mat 2:0 géint Litauen gewonnen.
Lëtzebuerg zitt 0:3 a Portugal de Kierzeren
Am EM-Qualifikatiounsmatch gouf et eng verdéngten Defaite fir d’Rout Léiwen.

Am Stade José Alvalade zu Lissabon huet d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp e Freideg den Owend an der EM-Qualifikatioun géint Portugal mat 0:3 verluer. D’Portugise ronderëm de Cristiano Ronaldo hunn de Lëtzebuerger keng Chance gelooss an de Match déi 90 Minutten iwwer dominéiert.

Portugal-Lëtzebuerg: De Resumé vum Match vum Franky Hippert.

An der 16. Minutt huet de Bernardo Silva den 1:0 markéiert. No engem kapitale Feeler vum Maxime Chanot, huet de Cristiano Ronaldo an der 65. Minutt mat engem Lob iwwert den Anthony Moris op 2:0 erhéicht. De Gonçalo Guedes huet dunn an der 89. Minutt mam 3:0 den Deckel dropgemaach.

Portugal huet sech also dräi wichteg Punkten an der Course ëm ee vun den zwee direkten Tickete fir d’Europameeschterschaft 2020 geséchert.

Am zweete Match am Grupp B huet d’Ukrain mat 2:0 géint Litauen gewonnen.

An der Tabell steet d’Ukrain mat 16 Punkten un der Spëtzt an huet den Ticket fir d’EM wéinst dem gudde Golverhältnis esou gutt wéi sécher. Op der zweeter Plaz steet Portugal mat 11 Punkten. De Ronaldo a Co. hunn allerdéngs nach ee Match manner gespillt. Op der dräi kënnt Serbien mat 7 Punkten, Lëtzebuerg huet der 4 a Litauen 1.

© Steve Beckers

Reaktioune vun der Lëtzebuerger Nationalekipp

Reaktioune vun der Lëtzebuerger Nationalekipp
Den Nationaltrainer Luc Holtz, de Laurent Jans an de Lars Gerson um Mikro vum Franky Hippert.

Grupp B

Portugal - Lëtzebuerg 3:0

D’Portugise ronderëm de Cristiano Ronaldo hunn am Match géint d’Rout Léiwe vun Ufank u gewisen, datt si dës Partie wëlle gewannen. Si hu fréi ugegraff an de Ball schéin an hire reien Dréie gelooss, fir dat richtegt Lach ze fannen. Och wann d’Lëtzebuerger an den éischte Minutt gutt organiséiert waren, sinn d’Portugisen zu Chancë komm. Déi éischt richteg geféierlech gouf et no enger Véierelsstonn. Dem Joao Felix säi Schoss ass hei knapp laanscht de Gol gaangen. Sekonne méi spéit huet et dunn awer eng éischte Kéier am Gol vun de Lëtzebuerger gerabbelt. No engem schéine Pass an d’Déift war de Semedo iwwer riets an de Strofraum gezunn. De Moris ass erausgaangen, ma hie konnt de Ball net halen, esou datt dësen dem Silva virun d’Féiss gefall ass. De Spiller vu Manchester City huet séier reagéiert a fir den 1:0 fir Portugal gesuergt.

De Bernardo Silva mam 1:0
An der 16. Minutt huet de Spiller vu ManCity Portugal mat 1:0 géint Lëtzebuerg a Féierung bruecht.

Fir d’Lëtzebuerger ass et no der portugisescher Féierung schwéier bliwwen. Si haten net vill ze gutt a sinn dem Ball gréisstendeels hannendru gelaf. An der 23. Minutt war de Ronaldo an de Strofraum gezunn, ma de Lëtzebuerger Kipper Moris krut seng Been nach mat Zäiten zesummen a konnt dat ronnt Lieder paréieren. 3 Minutte méi spéit haten dunn d’Lëtzebuerger eng éischt gutt Chance. No engem schéinen Dribbling am Strofraum, war de Wénkel fir de Vincent Thill allerdéngs ze spatz a säi Schoss ass un d’Aussennetz gaangen.

Bei der Lokalekipp huet ee gesinn, datt si bis d’Paus d’Féierung wollten ausbauen, ma d’Lëtzebuerger konnten e weidere Gol verhënneren, sou datt et mam 1:0 fir Portugal an d’Kabinne gaangen ass.

Nom Téi hunn d’Portugisen d’Lëtzebuerger nees séier ënner Drock gesat. An der 51. Minutt konnt de Moris mat enger schéiner Parad de Fallrückzieher vum Ronaldo ofwieren. An der 55. Minutt huet de Fernandes de Lëtzebuerger Kipper nees getest, ma och hei konnt de Spiller vu Virton de Ball paréieren. An der 59. war et dunn nees um Ronaldo, dës Kéier konnt de Moris dat ronnt Lieder zu engem Corner klären. An der Pressphas vun de Portugise gouf et allerdéngs och eng Chance fir d’Rout Léiwen. An der 57. Minutt war hien iwwert déi lénks Säit duerchgaangen, ma hien huet de Ball beim Schoss net richteg getraff.

An enger Phas, wou ee gemengt huet d’Lëtzebuerger kéinte villäicht nach eppes maachen, huet sech de Chanot e kapitale Feeler geleescht. No engem mëssgléckte Réckpass huet sech de Ronaldo dat ronnt Lieder gekroopt a mat engem Lob iwwert de Moris den 2:0 geschoss.

De Cristiano Ronaldo mam 2:0
An der 65. Minutt huet de Spiller vu Juventus Turin mat engem Lob fir den 2:0 gesuergt.

D’Rout Léiwen hunn duerno e bësse gebraucht, fir sech vun dësem Schock ze erhuelen, ma och wa si nach zu e puer klenge Chancë komm sinn, konnte si eng Néierlag net méi verhënneren. Den Deckel dropgemaach huet um Enn de Guedes mam 3:0 an der 89. Minutt.

De Gonçalo Guedes mam 3:0
An der 89. Minutt huet Portugal géint Lëtzebuerg den Deckel dropgemaach.

Ukrain Litauen 2:0

1:0 Malinovsky (29'), 2:0 Malinovsky (58')

De Resumé vum Match Ukrain-Litauen
Den 1. am Grupp B huet sech e Freideg den Owend mat 2:0 behaapt.

Grupp H

Island - Frankräich 0:1

0:1 Giroud per Eelefmeter (66')

Tierkei - Albanien 1:0

1:0 Tosun (90')

D'Resuméë vum Grupp H
D’Tierkei huet mat 1:0 géint Albanien gewonnen an Island huet mat 0:1 géint Frankräich de Kierzere gezunn.

Andorra - Moldawien 1:0

1:0 Vales (63')

Bescht Zeene vum Match Andorra - Moldawien
Onkommentéiert Bildmaterial.

Grupp A

Montenegro - Bulgarien 0:0

Tschechien - England 2:1

0:1 Kane per Eelefmeter (5'), 1:1 Brabec (9'), 2:1 Ondrasek (85')
D'Resuméë vum Grupp A
Tëscht Montenegro a Bulgarien gouf et een 0:0-Remis. Donieft huet England an Tschechien mat 1:2 de Kierzere gezunn.

Back to Top
CIM LOGO