
Bei der Futtball-Europameeschterschaft gëtt et ee weidere Coronafall. De Spiller vun Inter Mailand Ivan Perisic gouf e Samschdeg positiv op de Coronavirus getest. Dat huet de kroatesche Futtballverband matgedeelt.
De Perisic hat en Dënschdeg géint Schottland (3:1) mat sengem Gol an enger Virlag e groussen Undeel un der Qualifikatioun vu Kroatien fir d’Aachtelsfinallen. Den 32 Joer ale Spiller muss elo fir 10 a Quarantän a géif Kroatien och an enger méiglecher Véierelsfinall an Halleffinall feelen. Alleguer déi aner Tester vun der kroatescher Delegatioun waren negativ.
