Europa LeagueQarabag fuerdert Leverkusen, Prager Ekippe verléiere géint Liverpool a Mailand

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend waren d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Europa League.
© Photo by MICHAL CIZEK / AFP

Qarabağ Ağdam - Bayer Leverkusen 2:2
1:0 Benzia (26'), 2:0 Juningho (45'+2), 2:1 Wirtz (70'), 2:2 Schick (90'+2)

De Leader aus der däitscher Bundesliga hätt wuel net geduecht, datt een am Aserbaidschan esou vill Problemer géint do déi aktuell stäerksten Ekipp kéint hunn. Ma d’Heemekipp huet sech net verstoppt a grad an der éischter Hallschent aus wéineg ganz vill gemaach. Leverkusen hat zwar hei däitlech méi Ballbesëtz ma Qarabag huet, wa si de Ball haten, ganz geféierlech gespillt. An esou konnte si sech och en 2:0-Avantage erausspillen. Nom Téi ass d’Dominanz vum Ball bei Bayer bliwwen, mä si hu méi konsequent no Vir gespillt a sech méi Chancen erschafft. Esou konnte si an der Nospillzäit den 2:2 markéieren an esou eng gutt Ausgangspositioun, fir de Réckmatch doheem mathuelen.

Sparta Prag - FC Liverpool 1:5
0:1 Mac Allister (6',p), 0:2 Nunez (25'), 0:3 Nunez (45'+3), 1:3 Bradley (46',sg), 1:4 Diaz (53'), 1:5 Szoboszlai (90'+4)

Vun “David géint Goliath” kéint een hei bal schwätzen an anescht wéi an der Geschicht an der Bibel huet sech de Goliath och kloer behaapt. Schonn no 6 Minutte waren d’Englänner 1:0 vir, nodeem den Arbitter no engem Foul op de Punkt gewisen huet. An dës Féierung konnte si bis zu der Paus nach op 3:0 eropschrauwen. Direkt no der Paus dann e weidere Gol vun engem Liverpooler, just datt de Bradley, de grad eréischt op den Terrain koum, säin eegene Golkipp iwwerspillt hat. Ma Liverpool huet sech vun dësem klenge Réckschlag net schocke gelooss an nach op 4:1 a souguer an der Nospillzäit op 5:1 erhéicht.

AC Mailand - Slavia Prag 4:2
1:0 Giroud (34'), 1:1 Doudera (36'), 2:1 Reijnders (44'), 3:1 Loftus-Cheek (45'+1), 3:2 Schranz (65'), 4:2 Pulisic (85')

Et sollt net den Dag vun den Ekippen aus Prag ginn. Wéi scho Sparta hat och Slavia mam AC Mailand en duerchaus méi grousse Géigner. An dëser Partie sollten dann och 6 Goler falen, dat awer e bëssen anescht verdeelt. Fir Prag hat de Match net ideal ugefaangen, well schonn no 26 Minutte gouf den Diouf no engem schlëmme Foul an d’Dusch geschéckt. D’Iwwerzuel hunn d’Mailänner du séier duerch de Giroud ausgenotzt, ma den Doudera huet quasi mam Ugrëff dono nees ausgeglach. Dono konnt Mailand awer nach virun der Paus op 3:1 setzen. No eppes méi wéi enger Stonn koum Prag trotz Ënnerzuel nees zeréck an de Schranz, dee just virdrun agewiesselt gouf, huet op 3:2 verkierzt. Ma 20 Minutte méi spéit, an der 85., huet de Pulisic den alen Ecart vun zwee Goler nees hiergestallt. Beim 4:2 sollt et dann och bleiwen.

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO