BiathlonQuentin Fillon Maillet wënnt Sprint zu Otepää

RTL Lëtzebuerg
Am Biathlon gouf et am Sprint iwwer 10 Kilometer zu Otepää an Estland op en Neits eng Victoire vum Fransous Quentin fillon Maillet.
© AFP

De Fransous ass um Schéissstand feelerfräi bliwwen an huet sech esou seng 8. Victoire vun der Saison geséchert. Hien hat um Enn eng Avance vu 7 Sekonnen op den Norweger Sturla Holm Laegreid a vun 11 Sekonnen op de Benedikt Doll aus Däitschland. Domat mécht de Quentin Fillon Maillet och e weidere grousse Schratt a Richtung Gesamtweltcup.

Back to Top
CIM LOGO