
De Scott Morton war 9 Joer laang beim Racing an huet ënnert anerem der Ekipp gehollef, 2017 aus der zweeter Liga an déi éischt opzesteigen.
De Scott Morton, gebuer 1987 zu Syracuse, New York, war bekannt fir säi staarken Asaz um Terrain, mä och op anere Niveauen. Hien huet ënnert anerem déi jonk Ekippen trainéiert an karitativ Aktiounen organiséiert. An engem Message op Facebook huet hien all senge Supporter a Kolleegen an der Ekipp e grousse Merci adresséiert.
Firwat de Racing de Kontrakt vum Scott Morton net verlängert huet, ass net genee gewosst. Sécher ass awer, datt d’Coronakris an de fréien Enn vun der Saison dem Racing an den anere Clibb Schwieregkeete mécht.