FuttballRacing an Hesper an der Conference League gefuerdert

Franky Hippert
De Swift spillt an der éischter Ronn vun der Qualifikatioun bei Domzale a Slowenien. De Stater Racing kritt Besuch vu Breidablik aus Island.
© RTL-Archivbild

Fir de Racing an Hesper gëtt et en Donneschdeg eng grouss Premiere. Et ass déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerger Futtballveräiner an der europäescher Conference League, der neier Kompetitioun vun der Uefa engagéiert sinn. De Swift spillt um 20 Auer an der éischter Ronn vun der Qualifikatioun bei Domzale a Slowenien. De Stater Racing kritt um 19 Auer Besuch vu Breidablik aus Island.

Virschau Conference League / Reportage Franky Hippert

Bei der Ekipp vum Verluerekascht sëtzt jo zanter ronn 3 Wochen de Jeff Saibene op der Trainerbänk. Fir de fréiere Profitrainer vun ënnert anerem Sankt Gallen, Bielefeld a Kaiserslautern ass et de Retour op Lëtzebuerg eng nei Erausfuerderung, op déi den 52 Joer ale Saibene sech richteg freet:

“D’Jonge si mat enger super Astellung beim Training dobäi. Et ass fir jiddereen eppes Neits. Ech war jo laang Joren am Ausland och e bëssen eppes anescht gewinnt wat den Training ugeet. Et mécht awer Spaass.”

Als Tabellevéierten huet sech de Racing fir déi nei Kompetitioun, d’Conference League, qualifizéiert. D’Zil ass et natierlech, fir an déi zweet Ronn vun der Qualifikatioun ze kommen. De Jeff Saibene huet dann och 3-4 Matcher vun den Islänner analyséiert:

“Et ass e 50-50-Match. Et ass eng Ekipp, déi doheem op syntheteschem Terrain spillt. Si spillen e gefleegte Futtball. Et kann enk ginn.”

Déi Partie gëtt wéi gesot en Donneschdeg den Owend um 19 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff. Hesper huet als Opsteiger de Sprong op déi europäesch Plaze gepackt. Ufank der Woch huet beim Swift d’intensiv Preparatioun op den Auswäertsmatch a Slowenien géint d’Domzale ugefaangen, dozou de Spiller vum Swift Tom Schnell:

“Mat engem Video vum Géigner, et ass e Géigner, dee ganz aggressiv ass, mat grousse Gabariten.”

Och wann et fir Hesper no 30 Joer nees deen éischten Optrëtt op der europäescher Bün ass, esou si mat Leit wéi Joubert, Schnell oder Stolz awer eng ganz Rei Spiller am Kader vum Swift, déi mat hirer Vergaangenheet beim F91 Diddeleng vill international Erfarung matbréngen.

Back to Top
CIM LOGO