
Den Tabelleleader Racing bleift weider ongeschloen un der Spëtzt stoen. E Samschdeg den Owend gouf et eng 3:0-Victoire zu Jonglënster. Hesper bleift awer duerch e 5:2-Succès géint d’Entente Wuermer/Mënsbech/CSG mat nëmmen zwee Punkte Réckstand hannendrun. Am Duell tëscht Ell a Mamer gouf et mat engem 3:3 kee Gewënner.