
Den Tabelleleader Racing huet sech an der Partie géint den SC Ell vun engem fréie Réckstand erholl krut a konnt de Match um Enn mat 4:2 fir sech entscheeden. Domat bleift een no 17 Spilldeeg weider ouni Punkteverloscht a mat engem groussen Ofstand vun 11 Punkten op der 1. Plaz.
Am Duell tëscht der 2. an der 3. Plaz gouf et dann en 2:0-Succès fir Hesper zu Mamer. Zwee Goler vum Louise Martineau hunn um Enn den Ënnerscheed gemaach.
An de weidere Partië vum Dag setzt sech Jonglënster mat 2:0 géint d’Entente WMG duerch, d’Young Girls vun Dikrech wanne mat 3:2 géint Déifferdeng a Beetebuerg iwwerrennt Rouspert mat 9:0.