
Am erwaarte Spëtzematch ass dem FC Déifferdeng 03 géint de Racing keng Iwwerraschung gelongen. D’Ekipp aus dem Minett hat Hesper virun zwou Wochen e Bee gestallt. De Racing huet awer vun Ufank u gewisen, dass si d’Meeschtesche sinn a louchen no 30 Minutte schonn 2:0 vir. No der Paus konnt d’Lokalekipp erhéijen an Déifferdeng ass an der Persoun vum Tinoco den Éieregol gelongen. Um Enn stoung et also 3:1 fir de Racing, deen domat Tabellenéischte bleift.
Am Ostderby tëscht Jonglënster an der Entente WMG stoung et no 90 Minutte 4:2 fir d’Lokalekipp, déi domat an der Tabell um Spëtzenduo Racing an Hesper dru bleift.
An de weidere Matcher gouf et héich Victoirë fir Ell zu Housen (11:1), Hesper beim Opsteiger Mäertert-Waasserbëlleg (7:0) a Mamer zu Dikrech (5:0).