DammefuttballRacing vergréissert de Virsprong op Hesper un der Spëtzt

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de 16. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Déi komplett Resultater an d'Tabell fannt dir hei.
© Archiv

Fir den Tabelleleader Racing gouf et eng kloer 4:1-Victoire zu Mamer. Zwee Goler vum Karoline Kohr a jeeweils Ee vum Nathalie Ludwig an dem Julie Wojdyla hunn um Enn den Ënnerscheed gemaach.

Dann huet sech den SC Beetebuerg mat engem 1:1-Gläichspill ee Punkt beim Tabellenzweeten Hesper erkämpft. Duerch de Punkteverloscht vergréissert sech de Réckstand op de Leader Racing domat op elo 11 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO