
An der Nuecht op e Sonndeg huet de Rafael Nadal bei de US Open seng onheemlech Serie géint de Richard Gasquet weider ausgebaut. De Spuenier huet de Fransous an 3 Sätz mat 6:0, 6:1 a 7:5 geklappt a steet domadder an den Aachtelsfinallen. De Grand-Slam-Rekordchampion huet déi 18. Victoire am 18. Duell géint de Gasquet gefeiert - an huet elo 34 Sätz noeneen zanter 2008 géint säi Liblingsgéinger gewonnen. An der nächster Ronn kritt den Nadal et elo mam US-Amerikaner Frances Tiafoe ze dinn.
Eng Ronn weider ass och de Jannick Sinner. Den Italieener huet de Brandon Nakashima aus den USA a 4 Sätz mat 3:6, 6:4, 6:1 a 6:2 geklappt.
Nach mat dobäi ass och de Carlos Alcaraz. De Spuenier hat an 3 Sätz mat 6:3, 6:3 a 6:3 keng gréisser Problemer géint den US-Amerikaner Jenson Brooksby.
Den Iwwerbléck vun den Aachtelsfinalle bei den Hären
Medvedev (1) - Kyrgios (23)
Carreno Busta (12) - Khachanov (27)
Davidovich Fokina - Berrettini (13)
Moutet - Ruud (5)
Ivashka - Sinner (11)
Cilic (15) - Alcaraz (3)
Norrie (7) - Rublev (9)
Tiafoe (22) - Nadal (2)
Bei den Damme steet d’Iga Swiatek aus Polen an den Aachtelsfinallen. D’Nummer 1 op der Welt hat keng gréisser Problemer géint d’Lauren Davis aus den USA. Si huet kloer an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 gewonnen. Si muss elo géint d’Jule Niemeier aus Däitschland untrieden.
Kuerze Prozess huet iwwerdeems d’Aryna Sabalenka aus Belarus mat der Franséisin Clara Burel gemaach. D’Sabalenka huet an 2 Sätz kloer mat 6:0 a 6:2 gewonnen.
Den Iwwerbléck vun den Aachtelsfinalle bei den Dammen
Swiatek (1) - Niemeier
Kvitova (21) - Pegula (8)
Azarenka (26) - Pliskova (22)
Collins (19) - Sabalenka (6)
Zhang - Gauff (12)
Garcia (17) - Risk-Amritraj (29)
Jabeur (5) - Kudermetova (18)
Samsonova - Tomljanovic