BGL LigueRalph Schon freet sech iwwer grouss Euphorie zu Wolz

RTL Lëtzebuerg
Nieft der wichteger Derby-Victoire um 1. Spilldag an der BGL Ligue freet sech de Ralph Schon och, datt keen an der Ekipp positiv getest gouf.
© pressphoto (Archiv)

Am nationale Futtball war de leschte Weekend deen éischte Spilldag vun der neier Saison an der BGL Ligue. Vun 8 Matcher hunn der 2 wéinst Corona-Fäll missten ofgesot a verluecht ginn.

Ënnert anerem bei der Partie Wolz géint Etzella waren awer iwwer 700 Leit um Terrain, fir de Match ze suivéieren. Den neie Golkipp vu Wolz, de Ralph Schon, war ee vun den Haapttransferten um Lëtzebuerger Marché. Den Nationalgolkipp huet sech iwwert d’Corona-Tester virum Match an och déi wichteg Victoire am Derby gefreet.

Extrait Ralph Schon

“Mir si frou, datt mir elo alleguer den Test gemaach hunn an och all negativ waren. Datt d’Leit kënnen hei dobäi sinn, ass schéin. D’Euphorie hei am Stiedchen ass enorm a Wansinn, jidderee steet hannert deem Veräin an dat mierkt een och um Terrain. Et huet all Mënsch sech drop gefreet, fir d’Victoire géint d’Etzella ze huelen, fir ze weisen, datt mir d’Nummer 1 am Norde sinn an dat hu mir lo gemaach a jiddereen ass houfreg op eis.”

Back to Top
CIM LOGO