
De Co-Trainer vum däitschen Zweetligist SV Elversberg, de Raphael Duarte, ass an zwee Deeg bei eis am Studio, fir dat taktescht Verhale vu béiden Ekippen ze analyséieren. Am Virfeld hu mir eis mam 27 Joer jonke Lëtzebuerger ënnerhalen.
Preparatioun op Georgien
Anescht wéi bei anere Lännermatch-Rendezvousen, wou d’Nationalekipp da fir eng Woch Stage am Virfeld vun de Matcher zesummekënnt, huet d’FLF-Selektioun fir dës zwou Partien nëmme 4 Deeg, fir sech ze preparéieren.
Mam Vincent Thill, dem Dirk Carlson an dem Timothé Rupil feelen 3 Spiller blesséiert. De Mathias Olesen an de Marvin Martins sinn zwar nees fit. Den Nationaltrainer Luc Holtz hëlt nom Ofschlosstraining e Mëttwoch d’Decisioun, ob déi ugeschloe Spiller prett sinn oder net.
Déi georgesch Ekipp
Opgrond vun enger gieler Kaart am leschten EM-Qualifikatiounsmatch géint Spuenien feelt de Star-Spiller vum SSC Neapel, de Khvicha Kvaratskhelia, gespaart. D’Ekipp vum fréiere Spiller an Interimstrainer vum FC Bayern München an och 58-fachen Nationalspiller Willy Sagnol huet trotzdeem nach ëmmer eng kompetitiv Ekipp beieneen.
Ee weidere Pilier an der georgescher Ekipp ass den Giorgi Mamardashvili, de Golkipp vum FC Valencia, dee relativ sécher tëscht de Pottoe wäert stoen. Eng wichteg Roll kéinten och de Stiermer vum FC Metz, de Georges Mikautadze, an den offensive Mëttelfeldspiller vu Watford, den Giorgi Chakvetadze, anhuelen.
Decisiv Matcher
D’FLF-Selektioun kann an deenen nächsten 2 Matcher Geschicht schreiwen. Eng éischt Qualifikatioun fir eng international Competitioun steet um Spill. D’EM dëst Joer an Däitschland ass dat grousst Zil. D’Euphorie an d’Virfreed sinn am ganze Land grouss. Vun dësem Support kënnen och d’Rout Léiwe profitéieren. Ronn 300 Lëtzebuerger Spectateure sollen zu Tiflis mat dobäi sinn. De Rescht vum Stadion wäert op alle Fall géint d’Rout Léiwe sinn.