
Um Samschdeg huet den ESPN-NFL-Korrespondent Jeff Darlington wéi och den NFL-Insider Adam Schefter gemellt, datt den Tom Brady decidéiert hätt, seng erfollegräich Football-Schong un den Nol ze hänken. Dës Meldung koum e Samschdeg den Owend eiser Zäit an huet séier den Tour gemaach. Den Adam Schefter gëllt an de Mediekreesser als zouverlässeg Source, wat Wiessel, Demissiounen, Entloossungen oder Récktrëtter ugeet.
Ma e puer Stonnen no der Meldung vum Récktrëtt vum Tom Brady, heescht et aus de Reie vum Star-Quarterback, datt dëse sech nach net soll entscheet hunn, wéi et mat him weidergeet. Nodeem d’Meldung dobausse war, soll de Quarterback de Management vun den Tampa Bay Buccaneers kontaktéiert an hinne matgedeelt hunn, datt hien nach keng Decisioun getraff hätt. Dat mellt ënner anerem de Michael Silver, e weidere Journalist, dee gutt vernetzt ass an d’Siicht vun de Bucs an dësem Fall zeréckgëtt.
Och vum Tom Brady sengem Manager Don Yee heescht et, datt den Tom deen eenzege wier, dee seng Pläng kéint matdeelen an dat géif hien, wëssentlech, wéi den NFL-Programm ausgesäit, deemnächst maachen.
22 Saisone war den Tom Brady bis elo aktiv. An 20 Joer bei de Patriots konnt hie 6 Titele gewannen. Nom Wiessel op Tampa gouf et e weidere siwente Superbowl direkt an der éischter Saison. Aktuell gëtt a gouf et kee Spiller, dee méi Superbowl-Réng gewanne konnt, wéi de Quarterback vun de Buccaneers. Dës Saison huet hie seng Bucs, déi virum Brady een eenzegen Titel an hirer Geschicht feiere konnten, bis an d’Divisonal Round vun de Playoffs gefouert, wou et eng knapp Néierlag an der leschter Sekonn géint d’LA Rams gouf.
De laangjärege Quarterback vun den New England Patriots huet a sengen 22 Saisone quasi all Rekord gebrach, deen et an der NFL ze brieche gouf. Mam méigleche Récktrëtt vum Tom Brady wier et och net sécher, ob säi gudde Kolleeg a Matspiller bei de Patriots an de Bucs Rob Gronkowski nach eng weider Saison géif spillen.
Den Tom Brady, deen an tëscht 44 Joer al ass, wollt och a senger eventuell leschter Saison bis zum Schluss kämpfen a wollt net eng Saison spillen, wou all Mënsch wosst, datt et seng lescht wier. Sourcë soen, datt d’Grënn fir de méigleche Récktrëtt vum Football ënner anerem d’Gesondheet an d’Famill wieren.
Um Ufank vun der Woch hat de Ben Roethlisberger offiziell matgedeelt, datt hien no 18 Joer bei de Pittsburgh Steelers, mat deenen hien zwee Superbowls gewanne konnt, seng aktiv Karriär als Quarterback un den Nol hänkt. Dëst hat sech ëmmer méi am Laf vun der Saison ugedeit. D’Steelers haten et e bëssen iwwerraschend quasi a leschter Sekonn gepackt, sech fir d’Playoffs ze qualifizéieren, sinn do an der Wildcard-Round awer eliminéiert ginn.
Villes deit elo drop hin, datt d’Tampa Bay Buccaneers, sollt den Tom Brady dann definitiv decidéieren, opzehalen, wéi och d’Pittsburgh Steelers virun engem kompletten Ëmbroch an engem eventuelle ganzen Neiopbau vun hire Kadere stinn.