
Baltimore Ravens - Cleveland Browns 22:24
E gréisseren Opreeger gouf et fréi an dëser Partie. Beim drëtte Ballbesëtz vun de Ravens a beim Stand vun 0:7 aus hirer Siicht, huet sech hire Quarterback Lamar Jackson wéigedoen an e sollt net méi fir de Match erëmkommen. Ersat gouf hien duerch den Tyler Huntley. De Backup huet kee schlechten Job gemaach, 27 vun 38 Passe koumen un, dat fir 270 Yards an een Touchdown. Ma seng Leeschtung sollt knapp net duergoen, fir de Match nach ze dréinen. D’Browns konnten direkt an der éischter Hallschent 24 Punkte maachen an d’Ravens hunn der 6 duerch zwee Fieldgoaler dobäigehalen. Déi zweet Hallschent huet d’Defense vun de Ravens näischt méi zougelooss, ma hir Offense huet just 16 Punkte gemaach, esou datt si de Match trotzt enger staarker zweeter Hallschent knapp mat 22:24 verléieren.
Buffalo Bills - Tampa Bay Buccaneers 27:33
Et war e Match, mat zwou komplett verschiddenen Hallschente fir béid Ekippen. D’Bills kruten an den éischten 30 Minutte grad emol 3 Punkten op d’Board, wärend d’Bucs sech der 24 konnten opschreiwen. Genau ëmgedréint war et dogéint an den zweeten 30 Minutten, esou datt et zum Enn vun de 60 Minutten 27:27 stoung an et huet missten an d’Overtime goen. Hei kruten d’Bills als éischt de Ball, ma goufen direkt am éischten Drive gestoppt. D’Bucs hu 7 Plays gebraucht, fir de Ball an d’Endzon ze bréngen. Dat no enger Pass vum Tom Brady op de Perriman, deen 58 Yards zeréckleeë konnt, fir de Ball an d’Endzon ze bréngen an esou senger Ekipp dës Victoire z’erméiglechen. Fir den Tom Brady war dëst déi 33 Victoire géint d’Bills, dat a 36 Matcher, an deenen hien fir 9.032 Yards gepasst huet. Esou vill, wéi keen anere Quarterback géint een eenzele Géigner.
Pittsburgh Steelers - Minnesota Vikings 28:36
E ganz gudde Quarter geet net duer, fir e Match ze gewannen. Dat musse spéitstens no dësem Weekend d’Pittsburgh Steelers agesinn. 21 Punkte hu si am leschte Véierel gemaach, ma zu deem Ament hate si schonn 22 Punkte Réckstand. Ma vu vir. D’Vikings haten an der Defense déi éischt 3 Quarter hir Géigner am Grëff. Kee Punkt an den éischte 2 Quarter zougelooss, selwer der 23 gemaach. Am drëtte Véierel hu si 7 Punkten zougelooss a sechs gemaach. 3 Touchdowns dogéint konnten d’Steelers am leschte Véierel maachen, ma och ouni déi 7 Punkten, déi d’Vikings selwer hikritt hunn, wier et net fir d’Ekipp aus Pittsburgh duergaangen, dëse Match nach ze gewannen. D’Vikings konnten sech mat 36:28 duerchsetzen, obwuel d’Statistike vum Kirk Cousins, deen 2 Touchdowns an 2 Interception gehäit hat, méi schlecht war wéi déi vum Ben Roethlisberger, deen 3 Touchdowns an 1 Interception opgeschriwwe krut.
Chicago Bears - Green Bay Packers 30:45
Et ass e Match, deen um Pabeier dëst Joer kloer ass, ma besteet tëscht béide Veräiner zanter Joerzéngten eng grouss Rivalitéit. Aktuell sinn et d’Packers, déi däitlech besser an den Tabelle stinn an d’Bears hunn alles ginn, fir hinnen op d’mannst e bëssen d’Saison méi schwéier ze maachen. An engem Match, wou ganz vill Punkte gemaach goufen, huet grad den zweete Quarter erausgestach. Hei konnten d’Bears 24 Punkten op d’Board bréngen an d’Packers der 21. Mat den 3 aus dem éischte Véierel sinn d’Bears mat engem 27:21-Avantage an d’Paus gaangen. Et war den drëtte Véierel, deen d’Ekipp aus Chicago gebrach huet. Keng eege Punkte gemaach ma dofir der 17 zougelooss, wat si mat engem 3:7 net méi ännere konnten. Opfälleg sinn d’Statistike vun de Quarterbacks. De Fields vun de Bears hat zwee Touchdowns an zwou Interceptions, de Rodgers dogéint hat 4 Touchdowns, dat bei 341 Yards bei 29 vun 37 Passen.
Dëse Weekend goufen dann och 4 Ekippen eliminéiert, déi keng Chance méi hunn op d’Playoffs. Dëst wieren d’Lions (1-11-1), d’Texans (2-11), d’Jaguars (2-11) an d’Jets (3-10).
An der AFC wieren d’Patriots, d’Titans, d’Chiefs, d’Ravens, d’Chargers, d’Colts an d’Bills, mat de Browns, Bengals a Broncos nach gudde Chancen, fir eng Plaz ze kréien. Ma och d’Steelers, d’Raiders an d’Dolphins kënne sech nach Hoffnunge maachen.
An der NFC wieren nom 14. Spilldag d’Cardinals, d’Packers, d’Buccaneers, d’Cowboys, d’Rams, d'49ers a Washington weider. Ma och d’Vikings, d’Eagles, d’Falcons an d’Saints hunn nach d’Méiglechkeet. Méi schwéier dogéint gëtt et fir d’Panthers, d’Giants an d’Bears.
Pittsburgh Steelers - Minnesota Vikings 28:36
Dallas Cowboys - Washington Football Team 27:20
Jacksonville Jaguars - Tennessee Titans 0:20
Seattle Seahawks - Houston Texans 33:13
Las Vegas Raiders - Kansas City Chiefs 9:48
New Orleans Saints - New York Jets 30:9
Atlanta Falcons - Carolina Panthers 29:21
Detroit Lions - Denver Broncos 10:38
Baltimore Ravens - Cleveland Browns 22:24
New York Giants - Los Angeles Chargers 21:37
San Francisco 49ers - Cincinnati Bengals 26:23
Buffalo Bills - Tampa Bay Buccaneers 27:33
Chicago Bears - Green Bay Packers 30:45
Los Angeles Rams - Arizona Cardinals 30:23