BundesligaRB Leipzig klappt Heidenheim, Mönchengladbach wënnt géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Donieft konnt Bochum déi éischt Victoire am eegene Stadion vun dëser Saison feieren.
© AFP

International konnten ënner anerem Arsenal a Real Madrid sech iwwer souverän Succèsen freeën.

Mönchengladbach huet Hoffenheim an enger ausgeglachener Partie mat 2:1 geklappt. Hoffenheim war am éischten Duerchgang zwar ouni Zweiwel déi méi aktiv Ekipp, huet et awer verpasst, fir sech wierklech geféierlech Occasiounen erauszespillen. No 58 Minutten kruten d’Gladbacher dunn en Eelefmeter, an déi Chance op d’Féierung huet de Pléa sech net huele gelooss. D’Hoffenheimer Äntwert huet allerdéngs net laang op sech waarde gelooss a sou war et de Weghorst, dee just 2 Minutten drop nees op 1:1 stelle konnt. Laang huet et dunn no engem Remis ausgesinn, ma d’Borussia huet sech ganz effizient gewisen a konnt an der 80. Minutt duerch den Ngoumou nees a Féierung goen.

RB Leipzig ass senger Favoritteroll géint Heidenheim gerecht ginn a konnt sech um Enn mat 2:1 duerchsetzen. Déi Leipziger hu géint den Opsteiger vun Ufank un d’Kontroll vum Match iwwerholl a kruten no enger knapper hallwer Stonn een Eelefmeter zougesprach. Deen huet den Openda sécher verwandelt an domat scho säin 10. Bundesliga-Gol vun der Saison markéiert. Minutte virun der Paus konnt de Poulsen nach een dropsetzen, ma de Gimber huet an der Nospillzäit no engem Corner nees op 2:1 gesat. An der Suite war RB laang dem 3:1 méi no wéi Heidenheim dem Ausgläich, zum Schluss hunn d’Bullen awer nach missen zidderen. Um Enn ass et beim 2:1 bliwwen, soudass Leipzig zumindest bis e Sonndeg op Plaz 4 spréngt.

Bochum konnt sech mat 3:1 géint Wolfsburg behaapten an domat déi éischt Heemvictoire vun dëser Bundesliga-Saison feieren. D’Haushären haten ee bessere Start an de Match erwëscht a konnte sech esou no 19 Minutte mam 1:0 belounen. Den Osterhage huet am Strofraum d’Nerve behalen an esou säin éischte Bundesliga-Gol geschoss. Kuerz virum Säitewiessel konnt de Bernardo dunn no engem Corner per Kapp op 2:0 erhéijen, och fir hie war et den 1. Gol an der ieweschter däitscher Liga. Ma och hei hunn d’Gäscht nach virun der Paus duerch de Svanberg den Uschlossgol markéiert. Ma Bochum war och an der zweeter Hallschent déi méi geféierlech Ekipp, soudass den Antwi-Adjej kuerz viru Schluss den Deckel dropgemaach huet.

Um Samschdeg den Owend ass et zum Duell tëscht Stuttgart a Werder Bremen komm, an deem de VfB vun Ufank un dominéiert huet. Schonn no 17 Minutte huet den Undav de Ball no enger Parad vum Zetterer am Bremer Gol just nach iwwert d’Linn missen drécken. Och dono waren d’Stuttgarter déi besser Ekipp an dem 2:0 däitlech méi no wéi Bremen dem Ausgläich. An der 75. Minutt gouf et du schliisslech en Eelefmeter, deen de Guirassy äiskal zum 2:0 verwandele konnt, woumat d’Partie entscheet war. An der Schlussphas ass Bremen besser ginn an huet op den Uschloss gedréckt, deen allerdéngs net méi fale sollt. Sou wënnt de VfB verdéngt mat 2:0 a séchert déi 3. Plaz.

D’Partie tëscht Bayern München an Union Berlin huet iwwerdeems wéinst heftegem Schnéifall missen ofgesot ginn.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO