
E Samschdeg stoungen am internationale Futtballchampionnat nees eng Rei Partien um Programm. An der englescher Premier League wënnt Fulham iwwerraschend fir déi éischt Kéier zanter 16 Joer rëm géint Tottenham, fir Stroossbuerg gëtt et an der Ligue 1 dräi Punkten zu Nantes an a Spuenien baut Real Madrid de Virsprong un der Tabellespëtzt duerch eng Defaite vu Girona op 10 Punkten aus.
An der Bundesliga ass et Mainz gelonge sech vun enger direkter Ofstigsplaz ze befreien.
E Samschdeg waren och rëm Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Burnley - Brentford 2:1
1:0 Larsen (10'), 2:0 Fofana (62'), 2:1 Ajer (83')
Fulham - Tottenham 3:0
1:0 Muniz (42'), 2:0 Lukic (49'), 3:0 Muniz (61')
Am Kampf ëm eng Plaz an der Champions League huet Tottenham bei enger 0:3-Defaite géint Fulham missen e Réckschlag astiechen. D’Lokalekipp hat e gudden Dag erwëscht a konnt virun den eegene Spectateure gutt um Match deelhuelen. Ëmmer nees si si geféierlech virun de géigneresche Gol komm a konnten an der 42. Minutt duerch de Rodrigo Muniz och a Féierung goen. Direkt no der Paus huet een da mam 2:0 duech de Sasa Lukic d’Schinne fir déi dräi Punkte weider geluecht a mam zweete Gol vum Rodrigo Muniz stoung et ronn 30 Minutte viru Schluss 3:0. Dës Féierung konnt och bis zum Schluss verdeedegt ginn a sou wënnt Fulham d’Partie um Enn verdéngt mat enger staarker Ekippe-Leeschtung.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Udinese - FC Turin 0:2
0:1 Zapata (10'), 0:2 Vlasic (53')
Salernitana - Lecce 0:1
0:1 Gyömber (17')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nantes - Stroossbuerg 1:3
0:1 Gameiro (3'), 1:1 Cömert (35'), 1:2 Emegha (62'), 1:3 Emegha (78')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Osasuna - Real Madrid 2:4
0:1 Vinicius Jr. (4'), 1:1 Budimir (7'), 1:2 Carvajal (18'), 1:3 Diaz (61'), 1:4 Vinicius Jr. (64'), 2:4 Munoz (90+1')
Fir Real Madrid konkretiséiert sech de 36. Championstitel mat engem 4:2-Succès géint Osasuna ëmmer méi. An enger furioser Ufanksphas konnt de Budimir an der 7. Minutt de Féierungsgol vum Vinicius Jr. aus der 4. Minutt konteren. Nëmmen eng kuerz Zäit méi spéit war et dann awer de Carvajal, deen den 2:1 fir déi Kinneklech markéiert an domat d’Féierung nees hiergestallt huet. Ëmmer nees sinn och d’Haushäre geféierlech ginn, fir d’Paus ass déi knapp Féierung fir Real awer weider bestoe bliwwen. Nom Säitewiessel hunn d’Gäscht da mat de Muskele gespillt a mam 3:1 a 4:1 bannent dräi Minutte fir eng Virentscheedung gesuergt. Dem Munoz säi Gol zum 2:4 sollt näischt méi un den dräi Punkte fir Real änneren.
Getafe - Girona 1:0
1:0 Yellu Santiago (33')