
An an de Véierelsfinalle kënnt et direkt zu zwou Spëtzepartien: Real Madrid kritt et mat Manchester City ze dinn an de PSG muss géint Barcelona untrieden. Da mussen d’Bayern aus München géint Arsenal London spillen an Atlético Madrid trëfft op de BVB. D’Matcher ginn den 9./.10 Abrëll a 16./17. Abrëll gespillt.
An der éischter Halleffinall géif dann de Gewënner vum Atlético-BVB op de Gewënner vum PSG-Barcelona treffen. An der zweeter Halleffinall wier et dann Arsenal/Bayern - Real/City. De Gewënner vun der 1. Halleffinall huet bei der Finall den 1. Juni am Wembley Stadium dann d’Heemrecht.