2023 war d’Patrizia van der Weken déi séierst Studentin vun der Welt a gouf zu Lëtzebuerg zur Sportlerin vum Joer gewielt.
2024 huet d’Lëtzebuerger Athletin hir Leeschtung confirméiert an nach eng Kéier gesteigert. Am Juni huet si bei der EM hire Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter op 11,00 Sekonne gesteigert. An der Finall ass si déi Véiert ginn.
Den Highlight vun der Saison waren awer wuel d’Olympesch Spiller - nees zu Paräis -, wou d’Lëtzebuergerin et awer knapp net an d’Finall iwwer 100 Meter gepackt hat.
Duerch hir gutt Performancë krut si och d’Invitatioun, fir un der Diamond League, der héchster Klass an der Liichtathletik, mat de Superstare vun der Welt ze participéieren. Si konnt bei hirer alleréischter Participatioun d’Course zu Paräis gewannen. Duerno war d’Lëtzebuergerin zu Monaco Véiert, zu Lausanne Aacht an du Chorzow Fënneft ginn. Duerch dës Resultater hat si sech fir d’Finall zu Bréissel qualifizéiert. Do huet d’van der Weken den 13. September hir Saison mat enger 5. Plaz ofgeschloss.
Éier et nees mam Training ugeet, stinn elo mol e puer Woche Vakanz um Programm.