E Samschdeg den Owend ass d'Patrizia van der Weken op den Olympesche Spiller zu Paräis d'Halleffinallen iwwer 100 Meter gelaf.

D'Patrizia van der Weken huet et mat 11 Sekonnen an 13 Honnertstel net an d'Finall iwwer 100 Meter gepackt. Um Enn ass si déi 15. ginn. Gold ass um Enn un d'Julien Alfred (10,72 Sekonnen) vu Saint Lucia gaangen. Si huet sech virum Sha'carri Richardson (10,87 Sekonnen) an dem Melissa Jefferson (10,92 Sekonnen), allebéid aus den USA behaapt

An enger éischter Reaktioun no der Course war d'Athletin enttäuscht: "D'Finall wier accessibel gewiescht, ech sinn e bëssen enttäuscht."
 
Mat 24 Joer fir d'éischt, awer net fir d'lescht bei Olympia
 
An der Analys vun der Course sot d'Patrizia van der Weken: "Déi éischt 60 Meter ware richteg gutt, op de leschte Meter huet eventuell de Kapp net ganz matgespillt."
 
D'Athletin kuckt awer no vir a sot och, dass dëst wuel hir éischt Spiller waren, awer sécher net déi lescht.
 
Et wier schwéier ze soen, wat op de leschte 40 Meter net geklappt huet. Dat wier eigentlech hir Stäerkt, mee haut hätt dat net geklappt, esou d'Patrizia van der Weken um Mikro vum Jeff Kettenmeyer.
 
2024 war bis elo eng gutt Saison
 
"Ech hunn dës Saison vill ofgeliwwert", esou de Bléck op d'Joer 2024. Bei alle grousse Meetinge konnt d'Lëtzebuergerin mat gudden Zäiten iwwerzeegen.
 
"Ech war net esou relax, wéi ech et gewinnt sinn", esou d'Sprinterin. Déi leschten Deeg wier de Schlof net esou gutt gewiescht, dat hätt wuel och matgespillt. Elo wéi si d'Qualifikatioun fir d'Halleffinall gepackt hätt, wier den Drock e bëssen erofgefall an d'Nuecht vum Freideg op e Samschdeg besser gewiescht.
 
Besonnesch Ambiance am Stadion
 
D'Liichtathletik-Kompetitioune sinn am Stade de France. "Ech si schonn oft a grousse Stadie gelaf, mee dat do iwwertrëfft alles", erkläert d'Sprinterin. D'Energie, déi vum Public ausgeet, géif si mathuelen an dat géif och extra motivéieren.