
De Weekend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären den 9. Spilldag vum Titelgrupp an an der Relegatioun a bei den Damme stoung am Titelgrupp den 10. a leschte Spilldag um Programm.
Bei den Hären steet io schonn den HB Esch als Champion fest. Am zweetleschte Match verléieren se awer zu Käerjeng mat 25:31. Bierchem sëtzt sech mat 32:25 géint Diddeleng a léisst se an der Tabell domat weider hannert sech. D’Red Boys hate keng Problemer mat den ofgeschloene Mierscher mat 41:30 mee kënnen an der Tabell net méi kloteren a wäerten um Enn de 5. ginn.
An der Relegatioun konnt sech Rëmeleng mat 39:33 géint Péiteng duerchsetzen an huet Péiteng domat an der Tabell iwwerholl. Och wann Rëmeleng de leschte Match sollt géint Schëffleng verléieren a Péiteng géint Bartreng wannen, huet Rëmeleng den direkten Duell gewonnen. Rëmeleng steet domat als Opsteiger an d’Axa League fest, iwwerdeems Péiteng de Wee an d’Promotioun muss goen.
Och bei den Dammen war dem CHEV Dikrech de Championstitel schonn net méi ze huelen. Mee och de leschte Match vun der Saison konnten se awer nach 30:25 géint Diddeleng gewannen.
Titelgrupp
HB Diddeleng - HB Bierchem 25:32
HB Esch - HB Käerjeng 25:31
Red Boys Déifferdeng - HB Miersch 41:30
Relegatioun
Espérance Rumelange - Handball Péiteng 39:33
CHEV Dikrech - HB Bartreng 28:20
HC Standard - HBC Schëffleng 28:24

Titelgrupp
HB Käerjeng - Red Boys Déifferdeng 36:24
CHEV Dikrech - HB Diddeleng 30:25
HB Esch - HB Museldall 18:29
Relegatioun
HC Standard - HB Miersch 35:21
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball