Lëtzebuerger Futtballer am AuslandRemis fir de Gerson Rodrigues mat Iwata

RTL Lëtzebuerg
An der J-League huet Iwata e Samschdeg de Moie géint Matsumoto Yamaga 1:1 gläich gespillt.
© Archiv

De Weekend war a Japan den Optakt vum Championnat. Fir Jubilo Iwata gouf et een 1:1-Remis géint Matsumoto Yamaga. De Gerson Rodrigues stoung an der Startformatioun a gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt.

Mainz 05 huet an der Bundesliga doheem géint Schalke mat 3:0 gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro war bei der Partie déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

De Florian Bohnert hat kee besonnesch erfollegräiche Samschdegnomëtten an der Partie mat Primasens géint Hoffenheim II an der Regionalliga Südwest. Um Enn huet den FK 03 virum eegene Public mat 0:4 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller Bohnert stoung bei dëser Performance 90 Minutten um Terrain.

Besser ass dem dem Maurice Deville a Waldhof Mannheim ergaangen. Viru ronn 6.700 Zuschauer konnten d’Haushäre géint den FSV Frankfurt mat enger 4:1-Victoire iwwerzeegen. De Lëtzebuerger war déi komplett 90 Spillminutte mat vun der Partie a kann zesumme mat senger Ekipp déi 1. Plaz an der Tabell verdeedegen.

An der First Amateur Division an der Belsch huet Virton géint Heist 1:1 gläich gespillt. Den Anthony Moris an den Aurélien Joachim stoungen an der Startformatioun vu Virton an hunn duerchgespillt. De Lucas Prudhomme gouf an der 73. Minutt agewiesselt.

An der Ligue 2 a Frankräich huet Metz e Freidegowend fir de Kont vum 26. Spilldag mat 2:0 géint den FC Paris gewonnen. Fir Metz huet den Dillo an der 19. Minutt per Eelefmeter an an der 57. Minutt d’Goler geschoss. De Laurent Jans souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. Duerch dës Victoire steet Metz weiderhin op der 1. Plaz an der Tabell an huet 3 Punkte Virsprong op Stade Brest.

Och fir Troyes gouf et e Freideg den Owend eng Victoire. D’Ekipp vum Christopher Martins huet mat 2:1 géint Le Havre gewonnen a steet elo op der 6. Plaz an der Tabell. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 73. Minutt agewiesselt. Déi zwee Goler fir Troyes huet den Touzghar an der 10. an an der 80. Minutt geschoss.

An der National a Frankräich gouf et fir Pau mam Vincent Thill e Freideg den Owend eng 1:2-Néierlag bei Villefranche. Pau loung duerch e Gol vum Mohamed Guilavogui an der Paus mat 1:0 a Féierung. An der 55. Minutt hat de Mambu fir d’Lokalekipp ausgeglach, ier hie kuerz viru Schluss fir den 2:1 an d’Victoire gesuergt huet. De Vincent Thill huet déi 90 Minutten iwwer gespillt.

Back to Top
CIM LOGO