Futtball-EMRené Peters vun Tschechien iwwerrascht, Frankräich an Däitschland enttäuschend

RTL Lëtzebuerg
D´Aachtelsfinallen op der Futtball-EM si gespillt. Als leschten Ekippen hu sech en Dënschdeg England an d´Ukrain fir d´Véierelsfinalle qualifizéiert.

Bilan Futtball-EM no 1/8-Finallen / Rep. Rich Simon

Vun e Freideg u stinn d’Véierelsfinalle bei der Futtball-EM um Programm. Genee wéi an der Gruppephas goufen et och an den Aachtelsfinallen zum Deel spannend awer och gutt Matcher. Et war alles dobäi - vu Verlängerung bis Eelefmeter schéissen. Dobäi ass dem fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, dem René Peters, eppes opgefall.

Et ass keng Ekipp, déi sech souverän duerchgesat huet. Och déi grouss Ekippen haten et net einfach. Et mierkt een, datt d’Spiller ganz vill Matcher an de Been haten an dofir och bëssen iwwerspillt sinn.

Fir de fréiere Kapitän vun der Nationalekipp gëtt et awer eng grouss Enttäuschung op der EM an dat ass de Weltmeeschter Frankräich.

Déi sech mat esou engem Kader méi erwaart haten. Si hunn ni richteg an d’EM fonnt. Ausser den éischte Match géint Däitschland wou si verdéngt gewonnen hunn. Virun allem beim Mbappé gesäit een, datt hie vill Matcher gespillt huet an datt hie bësse midd am Kapp war. Et ass awer och schwéier, wann ee seng ganz Hoffnung op ee Spiller setzt, deen awer réischt 22 Joer huet. D’Fransousen hunn am groussen a ganzen enttäuscht.

Nom Out an der Gruppephas op der Weltmeeschterschaft a Russland haten déi Däitsch et dës Kéier bis an d’Aachtelsfinalle gepackt. Do gouf et en Dënschdeg eng 0:2-Néierlag géint England. Fir de René Peters ass “DFB-Elf” nieft de Fransousen eng weider Enttäuschung.

Déi ni zu hirem Futtball fonnt hunn. Och an de leschte Joren hu si ëmmer ee System gesicht - emol dräier Ketten, emol véierer Ketten. Si hu ganz vill Spiller gewiesselt an et muss ee soen, datt de Löw ni déi richteg Mëschung fonnt huet.

Fir de Joachim Löw war et no 15 Joer de leschte Match als däitschen Nationaltrainer.

Fir de fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, de René Peters, gëtt et op dëser EM awer och eng grouss positiv Iwwerraschung.

De René Peters

Et muss ee soen, datt mat den Tschechen eng Ekipp dach iwwerrascht huet géint d’Hollänner. Si hunn 2:0 gewonnen, wou se och profitéiert hunn, datt d’Hollänner eng rout Kaart kruten. Tschechen hunn elo eng eemoleg Chance, fir villäicht an d’Halleffinallen ze kommen. Si spille géint d’Dänen, déi och eng kleng Iwwerraschung sinn, wann ee bedenkt, wéi eng Ëmstänn si am Ufank haten. Ech géif awer mengen, datt d’Tschechen eng kleng Iwwerraschung sinn.

E Freideg ginn déi éischte Véierelsfinallen op der EM gespillt. D’Schwäiz spillt géint Spuenien an d’Belsch kritt et mat Italien ze dinn.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO