
E Sonneg goufen déi lescht Matcher vum 7. Spilldag am Futtball-Championnat gespillt.
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
Rouspert - RM Hamm Benfica 2:2
0:1 Deruffe (17'), 1:1 Soladio (36'), 2:1 Leroux (63'), 2:2 Souza (84')
Béid Formatioune ware beméit, offensive Futtball ze weisen. Déi éischt gutt Aktioun war op Säite vun de Gäscht. An esou war et och de RM Hamm Benfica, déi an der 17. Minutt duerch eng flott Aktioun duerch de Deruffe den 1. Gol vum Dag markéiere konnten. Duerch een Eelefmeter an der 35. Minutt huet Rouspert dunn konnten ausgläichen. Mam 1:1-Gläich sollt et och an d’Paus goen. E glécklechen 1:1 fir déi Rousperter, dat well Benfica iwwert déi ganz éischt Hallschent méi geféierlech war.
Änlecht Bild an der 2. Hallschent, wou Benfica déi iwwerleeën Ekipp ass. An der 63. Minutt huet dunn de Leroux fir Rouspert ee Fräistouss vu Lenks an de laangen Eck er geschoss. Eng glécklech Féierung fir Rouspert. Nom Gol huet d’Lokalekipp u Confiance gewonnen an huet bessere Futtball gespillt wéi virdrun. RM Hamm huet an der 83. Minutt deen verdéngten Ausgläich geschoss. De Leroux hat wuel nach an der 7. Minutt vun der Nospillzäit eng gutt Chance fir Rouspert, ma et sollt um Camping beim 2:2 bleiwen.
Ettelbréck - Stroossen 2:4
1:0 Stumpf (7'), 1:1 Runser (19'), 1:2 Schmit (36'), 1:3 Runser (66'), 1:4 Szimayer (73'), 2:4 Kadrija (86')
D’Lokalekipp ass perfekt an de Match komm. No engem Ballverloscht am Mëttelfeld huet de Stumpf an der 7. Minutt mat engem präzise Schoss fir seng Faarwe konnte markéieren. Am Uschloss hunn béid Ekippen de Wee no fir gesicht ouni awer gréisser Chancen eraus ze spillen. No 19 Minutten huet den Onparteieschen dunn verdéngter Moos op de Punkt gewisen. De Runser huet sech des Chance net entgoe gelooss an den Ausgläich fir Stroossen markéiert. Kuerz dorops krut d’Etzella een Eelefmeter, mä deen huet de Ball just widdert de Potto gesat. De Schmit huet an der 36. no engem Fräistouss de 2:1 fir d’Gäscht geschoss.
Ettelbréck, déi nach kee Match gewonnen hunn an dëser Saison, konnten de Réckstand an deenen zweete 45. Minutten net méi ophuelen. Stroossen huet duerch de Runser an der 66. an a Persoun vum Szimayer an der 73. fir d’Virentscheedung gesuergt. Der Lokalekipp ass wuel nach den 2:4 gelongen, déi 3 Punke sollten awer mat op Stroossen goen.

Hueschtert - Racing 0:5
0:1 Mabella (33'), 0:2 Mabella (58'), 0:3 Dembélé (81'), 0:4 Nakache (89'), 0:5 Tinelli (90+2')
Rodange - Jeunesse 2:1
1:0 Barbaro (33'), 1:1 Nadeau (68'), 2:1 (Larrière (76')
