BGL LigueRouspert klappt Déifferdeng, Hesper wënnt géint d'Jeunesse

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Hueschtert doheem der Etzella vun Ettelbréck keng Chance gelooss a beim Match Wolz-Benfica kruten d'Léit eppes fir hir Sue gebueden.

E Sonndeg war et d’Suite vum 2. Spilldag am nationale Futtball-Championnat.

E Samschdeg den Owend hat sech schonn d’Fola mat 3:1 géint de Racing duerchgesat.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

FC Déifferdeng 03 - Victoria Rouspert 2:3
0:1 Terauchi (5'), 1:1 Joachim (29',) 1:2 Soladio (44'), 2:2 Joachim (45'+2), 2:3 Rossler (82')

De Rosuperter Terauchi huet Déifferdeng kal erwëscht, an esou stoung et no 5 Minutte schonn 1:0 fir d’Visiteuren. Déi Déifferdenger waren awer net geschockt, an hu genee wéi Rouspert de Wee no vir gesicht. An esou war et de Joachim, deen no engem Corner de Ball an der 29. Minutt an de Filet schéisst. Kuerz virun der Paus ass et dunn elle viru gaangen. Fir d’éischt war er de Soladio, deen no engem Feeler vum Lempereur de berechtegten Eelefmeter eragesat huet. An an der 2. Minutt vun der Nospillzäit war et dunn alt erëm de Joachim, deen den Ausgläich fir seng Faarwe markéiere konnt.

An der 57. war et den agewiesselte Brusco, dee fir d’Haushären nëmmen d’Lat getraff huet. Déi 375 Spectateuren hunn eng ganz animéiert 2. Hallschent gesinn, bei där et zu all Moment an all Richtung konnt goen. Ma an der 82. Minutt huet et du gerabbelt. De Rossler huet fir déi Rousperter mat engem zolitte Schoss an de Wénkel deen 3. Gol vum Owend fir d’Gäscht markéiert. Dëst sollt och d’Schlussresultat sinn.

© Christophe Mersch

Jeunesse Esch - Swift Hesper 1:3
0:1 Abdallah (14'), 0:2 Stolz (48'), 1:2 Besch (61'), 1:3 Avdusinovic (89')

Hesper hat wuel Schwieregkeeten d’Spill ze maachen, hu si de Fokus éischter op d’Konterméiglechkeete geluecht. Den Escher Mendes huet dunn an der 14. Minutt de Loua am Strofraum gefoult an den Abdallah huet den Eelefmeter fir Hesper erageschoss. Mee och d’Féierung sollt de Gäscht net dat néideg Vertraue schenken. D’Jeunesse huet eng super 1. Hallschent gespillt, eenzeg de Gol huet gefeelt. Soumat ass et mat engem 0:1 Réckstand aus der Siicht vun der Lokalekipp an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel goufen déi Escher du kal erwëscht. Net emol 5 Minutten huet et gedauert, bis de Stolz no enger Flank vum Leonil mam Kapp op 2:0 erhéicht huet. D’Jeunesse huet sech awer weiderhin net opginn a sou koume si duerch de Besch an der 61. Minutt zum verdéngten Uschlossgol. D’Lokalekipp huet alles probéiert, ma de Joubert am Hesper Gol huet e puer Mol richteg gutt paréiert. An de Schlussminutten huet dunn den agewiesselten Avdusinovic den Deckel dropgesat. Hesper gewënnt mat 3:1 géint d’Jeunesse.

© Carlos Andrade

UNA Stroossen - Progrès Nidderkuer 0:4
0:1 Habber (34'), 0:2 Latic (40'), 0:3 Luisi (68'), 0:4 Shala (76')

No enger roueger Ufanksphas koumen d’Gäscht vun Nidderkuer ëmmer besser an de Match. Si hunn net vill Geleeënheete gebraucht, fir a Féierung ze goen. Den Habber léisst et eng éischte Kéier am Gol vun de Stroossener rabbelen. Kuerz drop konnt de Latic no flotter Viraarbecht vum Thill de Score op 2:0 erhéijen. Kuerz virun der Halbzeit koum et dunn ze enger méi hëtzeger Aktioun am Strofraum vu Stroossen. Wat no engem sécheren Eelefmeter ausgesinn huet, war eng giel Kaart fir den Nidderkuerer Habbas, dee sech aus der Siicht vum Arbitter fale gelooss huet.

Stroossen huet an der 2. Hallschent wuel méi Elan gewisen, ouni awer wierklech geféierlech ze ginn. An sou ass et komm wéi et komme misst. De Luisi huet sech no engem flotten Dribbling duerchgesat an de Score op 3:0 fir de Progrès eropgeschrauft. D’Bier war geschielt an esou huet de Shala an der 76. Minutt souguer nach de 4:0 geschoss. Kloer Defaite fir Stroossen.

US Hueschtert - Etzella Ettelbréck 3:0
1:0 Lusala (16'), 2:0 Lusala (25'), 3:0 Ayari (52')

Béid Formatiounen hu sech an deenen éischte Minutten immens schwéier gedoen am Spillopbau, sou dass d’Spectateuren net all ze vill gewise kruten. No 16 Minutten hunn déi Gréng-Wäiss duerch de Lusala mat hirer éischter Chance dunn awer direkt de Gol markéiert. D’Etzella war bis dohin nach guer net am Match. 10 Minutten drop huet d’Defense vun der Etzella alt erëm geschlof an de Lusala konnt säin 2. Gol vum Dag schéissen. Mat enger verdéngter Féierung ass Hueschtert an d’Paus gaangen.

Kuerz no der Paus huet Hueschtert dunn duerch den Ayari mam 3:0 fir d’Virentscheedung gesuergt. Op der anerer Säit ass deenen Ettelbrécker sou gutt ewéi näischt gelongen. Eng verdéngte Victoire fir d’Lokalekipp.

© Tom Fischer

FC Rodange - US Munneref 0:0

Béid Ekippen hu vun Ufank u versicht, de Ball lafen ze loossen, an hu sech an all Zweekampf geheit. Munneref war wuel een Tick besser am Match, éier an der 11. Minutt de Njo Léa eng 100 % Chance virum Munnerefer Gol leie gelooss huet. Um Enn vun der 1. Hallschent huet de Match un Intensitéit verluer, sou dass et mat engem gerechten 0:0-Gläich an d’Kabinne gaangen ass.

Och an deenen zweete 45 Minutten ass net vill gelaf bei béiden Ekippen. Munneref huet et an deene leschte Minutte wuel nach emol probéiert, ma et sollt beim 0:0 bleiwen.

© Kevin Estebanez

F91 Diddeleng - Union Titus Péiteng 3:0
1:0 Van den Kerkhof (7'), 2:0 Mohcine (66') , 3:0 Bettaieb (75')

Eng ganz interessant Ufanksphas hunn d’Spectateure gesinn. An der 7. Minutt huet de Kabore e Feeler op de Pokar gemaach an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. De Van de Kerkhof huet souverän verwandelt. No 10 Minutten hat den F91 eng weider gutt Aktioun, ma den Ottele am Gol vun de Péitenger huet eng super Reaktioun gewisen. Diddeleng ganz effikass, a mat méi Spillundeeler an och méi Golchancen ewéi d’Gäscht vu Péiteng, sou dass et mat 1:0 an d’Paus gaangen ass.

Péiteng war direkt no der Paus wuel besser, hat méi Spillundeeler an och mat engem Potto-Schoss e bësse Pech, dass et net 1:1 stoung. Dono huet den F91 duerch de Mohcine an de Bettaieb awer fir d’Entscheedung gesuergt. Diddeleng klappt Péiteng mat 3:0.

© Eugène Thommes

FC Wolz - RM Hamm Benfica 5:3
1:0 Osmanovic (26'), 2:0 Dachelet (30'), 2:1 Hadraoui (31'), 2:2 Hodzic (40'), 3:2 Ibrahimovic (61'), 4:2 Osmanovic (79') 4:3 Deruffe (83'), 5:3 Ibrahimovic (90'+12)

Eng ganz animéiert éischt Hallschent zu Wolz. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt, an et ass hin an hier gaangen. De Wëlzer Mëttelfeldspiller Osmanovic huet et vun der Mëttellinn probéiert an de Ball tatsächlech am Gol ënnerbruecht, dat well de Rodrigues am Hammer Gol ze wäit viru senger Këscht stoung. Nom 2:0 vum Dachelt huet Benfica direkt reagéiert an nach virun der Hallschent duerch den Hadraoui an den Hodzich den Ausgläich markéiert. 2:2-Gläich no 45 Minutten.

No der Paus ass d’Lokalekipp mat 100 à l’heure aus de Kabinne komm an huet dem RM Hamm an der 61. Minutt den 3:2 opgedréckt. Wolz huet dono de Ball lafe gelooss an d’Gäscht vun Hamm sinn ëmmer méi midd ginn. Sou war et den Osmanovic, deen an der 79. Minutt mam 4:2 fir d’Virentscheedung gesuergt huet. Och wann d’Gäscht duerch den Deruffe vum Punkt nach den 3:4 Uschloss markéiere konnt, ass et awer net méi duergaangen, nach 1 Punkt mat op Hamm ze huelen. Kuerz viru Schluss ass d’Partie dunn nach ënnerbrach ginn, dat well de Wëlzer Spiller Hadraoui sech méi seriö verletzt huet.

Duerch déi laang Verletzungspaus huet den Arbitter iwwer 10 Minutten nospille gelooss, an esou war et den Ibrahimovic deen an der 12. Minutt vun der Nospillzäit den entscheedende 5:3 fir Wolz markéiert huet.

© Raoul Michels
© Raoul Michels

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO