
Um 20.45 Auer spillt Lëtzebuerg den Dënschdeg den Owend am Stade Josy Barthel géint Serbien.
An der Tabell hu béid Natioune 4 Punkten op de Plazen 3 a 4. Scho géint Formatioune wéi d’Ukrain an Nordirland hunn d’Rout Léiwen e richteg staarken Androck hannerlooss, och wann et keng Victoirë goufen.
Den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz hëlt awer verschidden interessant Erkenntnisser mat an d’Partie géint d’Serben: D’Rout Léiwen haten am Spill géint Nordirland eng gutt Ballzirkulatioun, waren a 65% vun der Zäit am Ballbesëtz an hate souguer dat Duebelt u Gol-Schëss. Un de Leef an de leschten 20 Meter an der Besetzung vun de Positioune muss awer nach geschafft ginn, fir besser Gol-Chancen erauszespillen.
Serbien huet bis elo an dëser EM-Campagne enttäuscht. Net méi spéit wéi e Samschdeg gouf et nees eng héich Defaite. Nom 0:5-Debakel an der Ukrain am Juni hunn de Matic vu Manchester United a Co. e Samschdeg doheem 2:4 géint Portugal verluer.
De Match géint Serbien kënnt Dir en Dënschdeg den Owend live um Radio, op der Tëlee um 2. RTL an am Livestream op RTL.lu suivéieren.