
Dass d’Lëtzebuerger Athletinnen an Athleten a verschiddenen Disziplinnen excellent Resultater realiséieren, dat huet d’Patrizia van der Weken de leschte Weekend bei der Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik mat der drëtter Plaz iwwer 60 Meter nach eemol ënnerstrach. D’Athletin aus dem COSL-Elite-Kader huet als nächst d’Indoor-Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China am Viséier.
D’Zesummenaarbecht tëscht COSL an RTL huet och iwwer déi nächst Joren den Usproch, grouss sportlech Leeschtunge vu Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler beschtméiglechst ze couvréieren.