De Leandro Barreiro gouf vum Mainzer Nowuess-Leeschtungszenter zu Lëtzebuerg entdeckt. De 4. November 2018 war e groussen Dag am Liewe vum Lëtzebuerger. Op deem Dag, huet hien nämlech säin éischte Profikontrakt beim éischten FSV Mainz 05 ënnerschriwwen.
Knapp 3 Méint no der Ënnerschreift huet den 19 Joer jonken Mëttelfeldspiller seng Première als Profi geféiert. Um 21. Spilldag vun der leschter Bundesliga-Saison stoung hien am Heemmatch géint Bayer Leverkusen an der Startformatioun an huet 90 Minutte gespillt.
Dëse Match huet Mainz mat 1:5 verluer, mä de Leandro Barreiro huet e gudden Androck hannerlooss a krut fir seng Leeschtung gutt Punkte vun der Press a vum Trainer. Och déi lescht Méint ass d’Entwécklung beim Nationalspiller weider positiv verlaf an esou gouf hien an den Testmatcher reegelméisseg agesat an huet d’Preparatioun op déi nei Saison mat de Profien absolvéiert.
Mat 19 Joer schonn op eegen Been ze stoen, kënne sech déi mannste virstellen. De Barreiro gouf awer scho fréi drop preparéiert an duerch d’Hëllef vu senger Famill ass et dem Lëtzebuerger gelongen, de Wee zu Mainz bis elo erfollegräich ze goen.
Och an der Nationalekipp hannerléisst de Leandro Barreiro seng Spuren. Géint Litauen huet hie säin éischte Gol am Dress vun der FLF-Formatioun geschoss. Zu Mainz steet een och a permanenten Kontakt mam Nationaltrainer Luc Holtz.