
De Ruben Querinjean ass op den Olympesche Spiller zu Paräis mat dobäi, dat huet de COSL an engem Schreiwes e Freideg offiziell matgedeelt.
Zu Paräis geet de Querinjean iwwer 3000 Meter Steeple un den Depart.
Domadder sinn elo véier Lëtzebuerger Liichtathleten zu Paräis vertrueden. Nieft dem Querinjean hu sech nach d’Patrizia van der Weken, de Bob Bertemes an d’Vera Hoffmann qualifizéiert.