Davis CupRussland setzt sech an der Finall géint Kroatien duerch

RTL Lëtzebuerg
Ugefouert vum Daniil Medvedev huet sech Russland fir déi drëtte Kéier d'Victoire am Davis Cup geséchert. Si setzen sech 2:0 géint Kroatien duerch. 
© AFP

Zum Optakt vun der Finall tëscht Russland a Kroatien konnt sech am éischten Eenzel de Andrej Rublew mat 6:4 a 7:6 (7:5) géint de Borna Gojo duerchsetzen.

Am zweeten Eenzelmatch war et dunn um US Open Gewënner Daniil Medvedev. De Russ huet och a sengem Match näischt ubrenne gelooss a gewënnt an zwee Sätz mat 7:6 (9:7) a 6:2 géint de Marin Cilic. Deemno stoung schonn no deenen zwee Eenzelmatcher fest dass Russland sech Kroun am Männer-Ekippentennis opsetze konnt, den Dubbel huet net méi misse gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO