
Duerch seng familiär Situatioun, hätt hie sech och kéinte fir Schweden a Lëtzebuerg decidéieren.
Elo héiert een awer, dass hien net dierft fir Irland spillen, well zu deem Ament, wou hien an den Nowuess-Selektioune fir Lëtzebuerg offiziell Matcher gespillt huet, nach keen iresche Pass hat.
Mir hu bei der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun nogefrot, ob si dovunner schonns eppes woussten? D’Äntwert war nee. Wann dat awer esou wier, da géif ee bei der FLF op ee Bréif vun der Fifa waarden.
Artikel: Iresch Medie mellen - Ryan Johansson entscheet sech fir Irland a géint d’Rout Léiwen