DFB-PokalSaarbrécken qualifizéiert sech sensationell fir d'Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Saarbrécken aus der 3. Liga louch fréi 0:1 hannen, huet de Match awer gedréint a sech 2:1 géint Gladbach aus der 1. Bundesliga duerchgesat.
© Valentin Wagner / RTL

Um Dënschdeg gouf an der däitscher Coupe déi lescht Véierelsfinall gespillt. De Match tëschent Saarbrécken a Gladbach gouf nogespillt, well den éischte Match wéinst ze schlechtem Wieder huet missen ofgesot ginn.

Um Enn huet sech Saarbrécken iwwerraschend mat 2:1 géint Mönchengladbach duerchgesat. Den Hack hat den 1:0 fir Gladbach an der 8. Minutt markéiert. 3 Minutte méi spéit konnt den Naifi fir Saarbrécken ausgläichen. D’Ekipp aus der 1. Bundesliga hat méi vum Match, an der 1. Hallschent sollt awer kee weidere Gol falen. No der Paus war Gladbach dréckend iwwerleeën, de Gol sollt an der Schlussphas awer op der anerer Säit falen. No engem flotte Konter iwwer lénks huet de Brünker de Ball aus ronn 14 Meter am Filet ënnerbruecht an domadder seng Ekipp an der 93. Minutt en Tour weider geschoss.

Kaiserslautern, Leverkusen a Fortuna Düsseldorf haten sech scho fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Saarbrécken muss géint Kaiserslautern untrieden, Leverkusen spillt géint Düsseldorf. D’Halleffinalle ginn den 2. an den 3. Abrëll gespillt.

D’Halleffinallen am Iwwerbléck

Saarbrécken - Kaiserslautern

Leverkusen - Fortuna Düsseldorf

Back to Top
CIM LOGO