Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSadine Correia wënnt mat Saarbrécken

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hu sech den 1. FC Kaiserslautern a Waldhof Mannheim mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt.
© Ant Deister

An der zweeter däitscher Bundesliga bei den Dammen stoung d’Sadine Correia am zweete Match fir Saarbrécken vun Ufank un um Terrain a konnt mat enger gudder Leeschtung als zentral Defenseuse iwwerzeegen. Saarbrécken wënnt dann och mat 2:0 géint Ingolstadt. Saarbrécken steet am Bezierk “Süd” op der 4. Plaz.

An der 3. däitscher Liga ass et fir de Jeff Saibene den zweete Remis am zweete Match ginn. Kaiserslautern huet am Derby um Betzenberg géint Mannheim 1:1 gespillt. Schonn an der 7. Minutt war d’Ekipp vum Saibene duerch e Gol vum Boyamba a Réckstand geroden. An der 77. Minutt konnt den 1. FCK duerch de Ritter ausgläichen a sech doduerch ee Punkt sécheren.

Back to Top
CIM LOGO