
Mat der Dëschtennisspillerin gouf ënnert anerem iwwer den Exploit op der Weltmeeschterschaft geschwat. Am Dubbel hunn d‘Sarah De Nutte an d‘Ni Xia Lian déi leschte Woch zu Houston an den USA d‘Bronzemedail gewonnen. Een anert Thema waren d‘Olympesch Spiller zu Tokio an och déi sportlech Zukunft war een Thema.