Keng Victoire déi lescht 18 MatcherSchalke entléisst Trainer David Wagner

RTL Lëtzebuerg
Et war just nach eng Fro vun der Zäit. Schalke huet sech um Sonndeg de Moie vu sengem Trainer David Wagner getrennt.

Nom 1-3 géint Werder Bremen, an no 18 Matcher hannerteneen ouni Victoire, huet sech Schalke also vun sengem Trainer getrennt. Den Interim maachen elo emol d’Co-Trainer Christoph Bühler a Frank Fröhling.

Als méiglech Successeuren ginn, de Sandro Schwarz, de Manuel Baum, den Alexander Zorniger an d’Klub-Ikon Marc Wilmots gehandelt.

De Wagner war zënter 2019 Trainer beim Bundesligist.

Back to Top
CIM LOGO