EM-Match géint KroatienSchottland muss ouni Billy Gilmour auskommen no engem positive Corona-Test

RTL Lëtzebuerg
D'Schotte mussen an der Gruppefinall géint de Vizeweltmeeschter Kroatien en Dënschdeg um 21 Auer op hire Shootingstar verzichten.
© AFP Archivbild

Wéi de schottesche Futtball-Verband e Méindeg matgedeelt huet, gouf den 20 Joer ale Mëttelfeldspiller vum FC Chelsea positiv getest. Hie muss op Récksprooch mat den engleschen Autoritéiten 10 Deeg an Isolatioun.

Schottland brauch an der Grupp D bei just engem Punkt onbedéngt eng Victoire, fir d’Virronn z’iwwerstoen.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO