Wie kennt en nach?Schwaarzen Dag fir de Levan Kenia

RTL Lëtzebuerg
19 Matcher huet de fréiere georgeschen Nationalspiller fir den F91 Diddeleng gespillt, mëttlerweil ass hie Spillertrainer beim KFC Uerdingen.
De Levan Kenia am Dress vum F91 Diddeleng fir den Europa-League-Match am Stad Josy Barthel géint Betis Sevilla. (13.12.2018)
De Levan Kenia am Dress vum F91 Diddeleng fir den Europa-League-Match am Stad Josy Barthel géint Betis Sevilla. (13.12.2018)
© Val Wagner (Archiv)

E Mëttwoch huet KFC Uerdingen am Niederrheinpokal géint Rout-Wäiss Essen gespillt. 78 Minutte laang huet de Levan Kenia vun der Bank aus nogekuckt, ier hie sech beim Stand vun 1:2 aus der Siicht vun Uerdingen selwer agewiesselt huet.

An der 84. Minutt krut de Spillertrainer Giel, fënnef Minutte méi spéit krut de fréieren Diddelenger dunn esouguer Giel-Rout an huet fréizäiteg dierfen dusche goen. Uerdingen huet um Enn 1:3 verluer an ass eliminéiert. Dat hat de Georgier, deen zanter dem 26. Februar Trainer bei Uerdingen ass, sech sécherlech aneschters virgestallt.

De Levan Kenia huet ënnert anerem och fir Schalke an der Bundesliga gespillt a mat der Ekipp vu Gelsenkirchen och den DFB-Pokal gewonnen. An der Saison 2018/2019, wéi den F91 eng éischte Kéier an der Gruppephas vun der Europa League dobäi war, huet hien am Dress vun den Diddelenger gespillt.

Back to Top
CIM LOGO